Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stauséi-Ranger Tom Schmit: "De Stau ass méi wéi just schwamme goen a grille kommen"

Naturpark Uewersauer

Stauséi-Ranger Tom Schmit: "De Stau ass méi wéi just schwamme goen a grille kommen"

D'Summervakanz an d'Sonn zéien d'Leit op de Stauséi. Mee et kennt een och d'Biller aus de sozialen Netzwierker oder aus de Medien: Iwwerfëllte Parkplazen, d'Plagen um Stauséi voller Leit, et gëtt gegrillt, d'Hënn lafe ronderëm. De Stauséi hätt awer vill méi ze bidden, wéi nëmmen d'Plage fir beim Waasser ze leien, seet de Naturpark Ranger Tom Schmit. 

auto_stories

4 min

headphones

4 min

play_arrow
D'Plage bei Lëlz. (Foto: Michelle Barthel)

Zu Esch-Sauer virum Gebai vum Naturpark Uewersauer war den Treffpunkt mam Ranger Tom Schmit. Hien ass deen éischten an eenzege Ranger vum Naturpark an dëst ass säi véierte Summer an där Funktioun. Vun hei aus geet et mat enger Jeep op den Tour fir d'Géigend ronderëm de Stauséi ze entdecken.

De Ranger wënscht sech een Imagewiessel

Den Naturpark Ranger Tom Schmit wënscht sech en Imagewiessel fir de Stauséi. Et misst ee vun der Iddi ewechkommen, datt de Stauséi nëmmen eng Plaz mat Plagen ass, mee méi de Stauséi als dat gesinn, wat en ass: Een Drénkwaasserreservoir, an dowéinst eng Schutzzon.

“Mir ginn op de Stauséi, dann huele mir net ze vill mat. Mir si beim Drénkwaasser, mir respektéieren dat. Éischter datt d’Iwwerleeungsweis vum Zil géif geännert ginn. Datt d’Zil net de Stauséi ass fir Musek lafen ze loossen a fir alles rauszeloossen, wat een doheem net ka rausloossen, mee fir eng bewosst Vakanz doheem ze maachen.”

Op d'Fro hin, wat den Tom Schmit engem, deen op deene waarmen Deeg dann awer onbedéngt op de Stau wéilt, géif uroden, seet hien: Schwamme goen an de Grill ufänke muss net sinn.

“Ech géif e bësse virum Stauséi stoe bleiwen. Beim Waassersënneswee. Dat ass ee klengen Trëppeltour vu bal dräi Kilometer. Et gëtt eng Baach a Picknicksbänken a ganz vill Informatiounen iwwer d’Waasser. Ech géif soen, géi deen Trëppeltour entdecken, huel dir e Bréitche mat an da genéiss däi Spadséiergang a looss dir Zäit.”

Ronderëm de Stau kann ee Saache bäiléieren

Beim Waassersënneswee ass e klenge gratis Parking am Ufank vum Bësch. Do ass et direkt méi kill, wéi op der Plage. Et ass een idyllesche Wee duerch de Bësch. Ënnerwee ginn et verschidde Statiounen, wou een eppes bäiléieren an zu Rou komme kann.

Eng aner Alternativ wier de Schumannseck, deen eng 10 Minutte vum Stauséi fort ass. Do gëtt et zanter zwee Joer ee sougenannte Gedenkwee, deen un d'Ardennenoffensiv am Zweete Weltkrich erënnert. Als historesch bedeitend Plaz zitt de Schumannseck zanter der Aweiung vum Gedenkwee pro Joer ronn 15.000 Leit un, souwuel aus Lëtzebuerg, wéi och aus anere Länner, un.

De Gedenkwee um Schumannseck. | © Michelle Barthel
De Gedenkwee um Schumannseck. (Foto: Michelle Barthel)

Busnavette fir Wanderer

Nieft den diverse Parkingen, déi d’Stauséi-Gemengen ageriicht hu fir de ville Verkéier ze navigéieren, ginn et och Stauséi-Navetten. Déi fueren an zwou Richtunge ronderëm de ganze Stau. Ideal fir déi Leit, déi um 44 Kilometer laange Circuit du Lac ënnerwee sinn, seet de Ranger Tom Schmit.

“Dat ass mega cool fir d’Wanderer. Einfach drop lass trëppelen, ronderëm de Stau, do wou et schéin ass. An dee Moment, wou ee fillt, et ass elo gutt, da seet een: 'Ech maachen hei e Stopp. Ech siche mir den nächste Busarrêt eraus a vun do aus fueren ech nees zeréck bei mäin Auto.'"

D'Parkplaze ronderëm de Stau sinn am Summer séier iwwerfëllt.  | © Vincent Lescaut
D'Parkplaze ronderëm de Stau sinn am Summer séier iwwerfëllt. (Foto: Vincent Lescaut)

Déi géifen awer éischter vun den Touristen, déi aus dem Ausland kommen, benotzt ginn.

“Den 0815-Stauséibesucher, dee wëllt guer net ronderëm spadséiere goen. Dee wëllt op d’Plage, dee wëllt an d’Waasser, dee well sech ofkillen.”

Den Tom Schmit réit de Leit also kloer vun den Alternativen an der Géigend vum Stauséi ze profitéieren a vläicht sou souguer nach eppes iwwer d’Natur an der Regioun bäizeléieren.

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft