Radioen

On air

Concert  |  Rising Star: Sean Shibe

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Stater Geschäftsverband wënscht sech méi Iwwerwaachungskameraen an der Stad

Commerce

De Stater Geschäftsverband wënscht sech méi Iwwerwaachungskameraen an der Stad

Wat d'Sécherheet am Quartier Gare ugeet, ënnersträicht d'Mireille Rahmé-Bley d'Wichtegkeet vun der erhéichter Policepresenz, déi de Leit méi e séchert Gefill gëtt. D'Presidentin vum Stater Geschäftsverband géif sech awer och nach méi Iwwerwaachungskamerae wënschen.

auto_stories

1 min

headphones

12 min

play_arrow
Foto: Archiv

Als Union Commerciale hätt een och selwer Sécherheetsagenten agestallt. 8 op der Gare a 6 an der Stad, seet d'Mireille Rahmé-Bley.

D'Braderie misst iwwerdeems méi bidde wéi just reduzéiert Präisser. Ënner anerem d'Coronakris, permanent Rabattcampagnen an den Onlineshopping hätten d'Gewunnechte vun de Leit verännert a manner Leit géifen d'Braderie besichen, esou d'Presidentin vum Stater Geschäftsverband. Dofir géif et dëst Joer eng Partie Animatioune fir d’Famille ginn, virop och am Garer Quartier.

D'Mireille Rahmé-Bley hofft dann, datt an Zukunft alleguer d'Geschäfter bei der Braderie matmaachen, virun allem déi grouss Chaînen, déi dacks diktéiert kréichen net matzemaachen.

D'Braderie soll sech zu engem grousse kulturellen Highlight entwéckelen, esou d'Presidentin vum Stater Geschäftsverband.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Wirtschaft