E ganze Schäfferot op der Uklobänk vun engem Geriicht: D’Bild, dat sech zanter Méindegmëtten an der Stater Cité judiciaire presentéiert, ass een net alldeeglecht. De Schengener Buergermeeschter Michel Gloden, déi zwee Schäffen Tom Weber a Jean-Paul Müller an e Gemengentechniker sinn ugeklot. Wéinst Diffamatioun a Calomnie goufe si vum Architekt François Valentiny ugesicht.
Schuedenersatz vu 50.000 Euro gi gefrot
Sträitpunkt war de Schoulcampus Baggerweier zu Rëmerschen. Am Mee zejoert hat de Gemengerot vu Schengen majoritär decidéiert, zwee Kontrakter dozou mam Büro Valentiny opzeléisen. No där Gemengerotssëtzung wieren dunn “humiliant Aussoe” géintiwwer dem François Valentiny gemaach ginn.
Dofir sollten déi véier Ugekloten zu Schuedenersatz vun am Ganze 50.000 Euro verurteelt ginn, sou d’Affekotin vum Büro Valentiny. Deen hätt um Projet geschafft, bis de beschëllegte Gemengentechniker fonnt hätt, et misst een anere Büro matschaffen. De Büro Valentiny wier dunn no an no an den Abseits gedréckt ginn, sou d’Me Kohll. De Gemengentechniker hätt Attachen zu deem anere Büro gehat. Op senger viregter Plaz an enger anerer Ostgemeng hätt hien och scho mat deem Büro zesummegeschafft.
D'Zeienaussoe liwwere keen homogent Bild
Dono goufen Zeie gehéiert, déi bei där ominéiser Gemengerotssëtzung dobäi waren, an hir Aussoen hu keen homogent Bild erginn. Zwee Ex-Gemengeconseilleren, eng Fra an ee Mann, an eng Gemengeconseillère aus der aktueller Oppositiounsekipp, hate viru ronn néng Méint géint d’Opléise vun de Kontrakter gestëmmt. Dat ënnert anerem well si net novollzéie konnten, firwat dat sollt geschéien, a well si déi fënnef dofir genannte Grënn als net korrekt empfonnt hätten.
De fréiere Gemengeconseiller huet erkläert, et wier erzielt ginn, de Büro Valentiny géif net sou schaffen, wéi de Service technique et wéilt. De Buergermeeschter dann hätt et un Transparenz feele gelooss, well de Projet zimmlech hanner zouenen Diere mam technesche Service ausgeschafft gi wier. Déi aktuell Gemengeconseillère huet sech drun erënnert, datt 2018/2019 scho gesot gi wier, de Büro Valentiny sollt net méi bei Projete matmaachen, wéinst Problemer bei anere Gebaier. An d’fréier Gemengeconseillère huet betount, datt fir de Buergermeeschter d’Schold beim Büro Valentiny loung Dobäi wier dobaussen dacks gesot ginn, et kéint een net mat der Gemeng zesummeschaffen.
Mailen un net-betraffe Leit verschéckt
Aktuell Gemengeconseilleren aus der Ekipp vun de Schäfferotsmemberen hunn hirersäits drop higewisen, de Büro Valentiny hätt zu engem gewëssene Moment via Mail Informatiounen u Persoune verschéckt, déi net vum Projet betraff waren. Och hätt den Architekt net wëllen op Demandë vun der Gemeng agoen, an dofir wier een als Gemeng net méi mat der Zesummenaarbecht d’Accord gewiescht.
De Prozess geet haut um Dënschdeg virun.