Nodeems d'Lydie Polfer d’lescht Woch am 100,7-Interview schonn ugekënnegt hat, e Bréif un de Premierminister Luc Frieden wëllen ze schécken, wier deen e Freide mat der Fro no enger dréngender Entrevue erausgaangen.
Et wier eng dramatesch Situatioun op der Gare, déi et zënter Jore gëtt, esou d’Lydie Polfer um Dënschdegmoie virun der Press.
“Datt se net gutt ass, datt se souguer degeneréiert. Dat soen d'Leit eis. Dat gesi mer jo. An da muss zesumme versicht ginn do, fir d'éischt d'Analys ze maachen. Fir d'éischt muss ee feststellen, wou ass de Schwaachpunkt, firwat ass déi do Situatioun? Well datt d'Situatioun esou net akzeptabel ass, ech mengen dat ass evident. Da muss ee kucken, wéi kënnt et dozou a wat muss geschéien, fir dat aneschters an de Grëff ze kréien.”
Iwwerdeems huet d’Buergermeeschtesch betount, wéi wichteg Policepresenz op der Gare wier. Datt eng vun de Schwieregkeeten de Personalmangel bei der Justiz wier, huet si en Dënschdeg de Moien och widderholl. Et kéint een net hinhuelen, datt zwee Drëttel vun den Dossiere bei der Justiz net traitéiert ginn. Déi Dossiere wiere warscheinlech och déi, déi d’Leit am Alldag géife begéinen, sou nach d’Lydie Polfer.
136.000 Awunner an 169 Nationalitéiten
E weidere Sujet um City Breakfast vun der Stad Lëtzebuerg war d'Awunnerzuel. An der Stad hunn op den 31. Dezember ronn 136.000 Awunner gelieft. Dat sinn der knapp 1.500 méi wéi d‘Joer virdrun. Dovunner haten 30 Prozent vun de Leit déi lëtzebuergesch Nationalitéit. Allgemeng sinn 169 Nationalitéiten an der Haaptstad vertrueden. Déi Chifferen huet d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer de Moien am Bilan vum Joer 2024 genannt.
Weider war et de Constat, datt sech zejoert méi Leit gepacst, wéi bestuet hunn.
Vun dësem Joer u ginn et och e puer Ännerungen. De Magasinn “ons Stad” kritt ee vun elo un just nach op Bestellung. Soss huet all Haushalt an der Stad esou e Magasinn kritt, mee fir de Gaspillage ze evitéieren, wéilt een dëst elo just nach op Abonnement maachen.