search

/ Stäreplaz: Archeologesch Sondagen am Virfeld vun de groussen Aarbechten

Archeologie

|
reading time

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Stäreplaz: Archeologesch Sondagen am Virfeld vun de groussen Aarbechten

Am Virfeld vum Bauprojet op der Stater Stäreplaz goufen an de leschte Woche preventiv archeologesch Sondagen duerchgeféiert. De Projet gouf Enn 2024 am Stater Gemengerot ugeholl. E läit an der sougenannter ZOA - Zone d'observation Archéologique. 

reading time

3 min

headphones

4 min

play_arrow
Archeologesch Sondage virun de groussen Aarbechten op der Stäreplaz | © Diane Lecorsais
Archeologesch Sondage virun de groussen Aarbechten op der Stäreplaz (Foto: Diane Lecorsais)

Bis zu 935 Wunnengen, Butteker, e Kino, Caféen a Restauranten, een Tunnel fir d’Autoen, den Ausbau vum Tram an eng nei Busgare: Et gëtt wuel kaum een urbanistesche Projet, iwwer dee schonn esou laang a vill geschwat ginn ass, wéi deen op der Stäreplaz.

Mat den Aarbechte gouf nach net ugefaangen, well nach e puer Awänn beim Geriicht leien. Onofhängeg dovu sinn awer elo scho preventiv archeologesch Sondagen duerchgeféiert gi fir ze kucken, ob sech an dësem Beräich wäertvoll Relikten aus der Vergaangenheet verstoppen. De Sebastian Olschok vum Institut national de recherche archéologiques, kuerz INRA, huet dës Aarbechte geleet.

"Wir sind direkt vor der Festung. Das Glacis, das offene Schussfeld, endet ungefähr dort. Wir wissen, dass wir vor der Louvigny eine Redoute hatten, die noch weiter vorne lag. Wir wissen, dass auf dem Friedhof oben, ein bisschen weiter im Norden, noch mal eine Redoute lag."

Keng Kapell a keng Bréck fonnt

Et hätt also gutt kënne sinn, datt och op der Stäreplaz Saache louchen, déi een op de Pläng net fënnt. Do wou haut d'Kräizung ass, war fréier och mol eng Bréck. Dat géif een um Urkadaster aus dem 19. Joerhonnert an op der Ferrariskaart aus dem 18. Joerhonnert gesinn. "Auf Ferraris Karte ist auch eine Kapelle St. Croix zu sehen", erkläert nach de Sebastian Olschok.

Potenzial gouf et also duerchaus, d’Resultat fir d’Archeologe war awer éischter bescheiden, wéi de Sebastian Olschok erklärt. Et hätt ee weder d'Kapell nach eng Bréck fonnt.

Esou hunn d’Experten eng ganz Partie Iwwerreschter vun deene méi moderne Bebauunge fonnt, déi fréier op der Stäreplaz stoungen.

Ee Gebai fonnt, dat kéint interessant sinn

Bei enger Decouverte si sech d’Archeologen awer nach net ganz sécher wéi al a wéi historesch wäertvoll se dann elo tatsächlech ass. Nämlech ee Gebai, dat eng Fassad vu 25 bis 30 Meter aus sougenannte Buckelquader hat. 

"Und da war tatsächlich die Frage: Ok, haben wir hier tatsächlich was, was vor Auflassung der Festung dort gebaut worden ist, dann müsste es was Militärisches sein, weil es so nah dran liegt. Wir hatten mal besprochen: Könnte es ein Pulvermagazin sein? Das ergibt aber wenig Sinn, weil es entweder für ein Friedenspulvermagazin zu nah an der Festung wäre."

Wann dat an d'Luucht gaange wier, hätt een dat an der Stad matkritt. Mee fir ee Krichspolvermagasinn wier et net gutt genuch gebaut gewiescht. Doduerch datt et och baussent der Festung läit, wier dat ausgeschloss ginn.

"Deswegen ist aktuell die Hypothese, dass es sich wahrscheinlich auch um ein großes Gebäude von dieser Wohnbebauung auf dem Stäreplatz handelt."

Sondagen ofgeschloss, dräi vu véier Terraine fräiginn

D’Sondagë wieren elo ofgeschloss, erkläert de Sebastian Olschok, d’Baggeren hunn d’Lächer erëm zougeschott. Deen Deel, dee fir d’Archeologen nach potenziell spannend ass, gouf virdrun awer mat engem sougenannte Geotextil ofgedeckt. Dësen Tissu déngt engersäits dozou, d’Maueren ze schützen, anerersäits wëssen d’Experten, falls et spéider nach zu enger richteger Fouille wäert kommen, bis wouhi scho gegruewe gouf.

Tëschent engem archeologesche Sondage an enger Fouille, also enger Ausgruewung, gëtt et nämlech e wichtegen Ënnerscheed, erkläert de Sebastian Olschok. Bei engem Sondage muss de Bauhär d’Käschte matdroen, bei enger richteger Fouille bezilt de Staat. 

Am Moment géif et esou ausgesinn, wéi wann d’Archeologen dräi vun de véier concernéierten Terrainen op der Stäreplaz direkt kënne fräiginn. Aus archeologescher Siicht géif engem Ufank vum Chantier an deem Beräich also näischt méi am Wee stoen.

Bei deem véierten Terrain muss den INRA elo mat Hëllef vun de Pläng, déi am Kader vun de rezente Sondagë realiséiert goufen, kucken, ob eng richteg Ausgruewung néideg ass, oder ob et och hei gréng Luucht fir d’Bauaarbechte gëtt.

 

play_arrow Lauschteren