Du studéiers Journalismus oder interesséiers dech am Kader vun anere Studie fir Journalismus? Du bass op der Sich no engem längere Stage fir den Ofschloss vun dengem Diplom?
Du hues Loscht éischt berufflech Erfarungen ze sammelen an enger Noriichteredaktioun?
Däi Profil
- Du méchs e Bachelor oder e Master a wëlls e konventionéierten oder fräiwëllege Stage maachen.
- Du beherrschs déi gängeg Sproochen zu Lëtzebuerg, am Geschwaten an am Geschriwwenen an hues Interessi u Medieberuffer.
Firwat däi Stage beim Radio 100,7 maachen?
- Du profitéiers vun engem professionellen Encadrement, gëss aktiv an de Fonctionnement vum Newsroom mat agebonnen an hues och d’Méiglechkeet an aner Servicer eranzeschnupperen.
- De Stage ass bezuelt.
Interesséiert?
Scheck eis deng Kandidatur mat Motivatiounsbréif a CV bis den 20. Oktober 2025 per Email un rh@100komma7.lu.