Duerch de Chaos am Verkéier deen duerch de Schnéi an de villen Trafic ausgeléist gëtt, konnte verschidde Buslinnen an der Stad Lëtzebuerg den Ament net méi fueren. Dat huet déi Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer matgedeelt.
Mëttlerweil sinn all d'Buslinne rëm a Betrib, d'VDL deelt awer mat, datt et weider zu Stéierunge ka kommen.
Den Tram fiert den Ament nëmmen tëschent den Arrêten "Theater" a "Kirchberg Luxexpo"
Och verschidde Schoulbusse koumen net bei d'Schoul, sou datt och Kanner Problemer hunn an d'Schoul ze kommen.