Nodeems Reporter.lu dat gemellt hat, huet de Staatsrot säi Comité de déontologie saiséiert, an dee koum zur Konklusioun, datt de Lucien Lux géint seng Obligatioune verstouss hätt. Eng Reprimande oder eng Ruge ass déi zweetmannste Sanktioun vu véier.
Et ass fir d‘éischte Kéier, datt de Staatsrot e Member sanktionéiert huet. Op Nofro hi sot de Lucien Lux eis, datt hien net géint déi Decisioun an Appell wëllt goen.