Radioen

On air

De Moien  |  Cluttered Clarity - Save It All Feat. Gretch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Staatsfinanze staark defizitär

Chamberwalen 2023

Staatsfinanze staark defizitär

De finanziellen Handlungsspillraum kéint fir déi nächst Regierung ganz enk ginn. Déi negativ Prognosen, déi d’Generalinspektioun vun de Finanzen de Koalitiounsdelegatioune vun CSV an DP d’lescht Woch virgestallt huet, leien dem 100,7 vir.

auto_stories

3 min

Symbolbild: Adobe Stock

Déi wirtschaftlech a finanziell Situatioun ass “ganz schwiereg”, sot de Formateur Luc Frieden d’lescht Woch. Effektiv confirméiert sech elo dat, wat sech iwwert déi lescht Méint schonn annoncéiert huet: D’Wirtschaft stagnéiert a kéint dëst Joer souguer an eng Rezessioun rutschen. Wat am Kader vun de Koalitiounsverhandlungen nach net ëffentlech gesot gouf ass, wéi negativ déi aktuell Prognose fir d’Staatsfinanze sinn.

2024: 3,2 Milliarden Defizit beim Zentralstaat

D’Generalinspektioun vun de Finanzen (IGF) huet den Delegatioune vun CSV an DP d’lescht Woch dës Prognose virgeluecht.

Dëst Joer géif de Gesamtstaat (also de Staat, d’Sécurité Sociale an d’Gemengen zesummen) ëm 1,5 Milliarden am Minus leien, liicht méi wéi nach am Fréijoer erwaart (am Stabilitéitsprogramm goung nach Rieds vun 1,22 Milliarden). Dat entsprécht engem Defizit vun 1,9 Prozent par Rapport zum PIB. De Gesamtstaat géif da bis 2027 defizitär bleiwen, och well den Iwwerschoss bei der Sécurité Sociale soll schrumpfen. Ënnert dem Stréch wier d’Prognos deemno: -2,7 Prozent vum PIB fir 2024, -2,3 Prozent fir 2025, -2,1 Prozent fir 2026 a -2,2 Prozent fir 2027.

Beim Zentralstaat (also ouni d’Sécurité Sociale an d’Gemengen) soll den Defizit dëst Joer bei 2,2 Milliarde leien (-2,7 Prozent vum PIB) an d’nächst Joer op 3,2 Milliarde (-3,8 Prozent vum PIB). Och duerno rechent d’IGF mat héijen Defiziter vun 3,2 Prozent (2025), 2,9 Prozent (2026) an 2,7 Prozent (2027) vum PIB.

Am Fréijoer war d’Regierung am Kader vum Stabilitéitsprogramm och vun enger schwiereger finanzieller Lag fir déi nächst Joren ausgaangen, awer net an deem selwechte Mooss, wéi déi aktuell Prognos vun der IGF.

Dacks sinn d’Budgetsprognose méi pessimistesch, wéi déi tatsächlech Entwécklung sech erweist. Kloer ass, datt déi ekonomesch Entwécklung vum Land haaptsächlech vum internationale Kontext ofhängeg ass. An do bleiwen d’Aussiichten den Ament éischter schwiereg.

Staatsschold iwwer 30 Prozent

D’Staatsschold kéint dann dem Tresor no 2026 op iwwer 30 Prozent vum PIB klammen, ee Seuil deen déi aktuell Dräierkoalitioun ëmmer als rout Linn bezeechent huet, déi Lëtzebuerg net sollt iwwerschreiden. 2027 géif d’Schold op 32,4 Prozent klammen. Och dës Zuele kruten CSV an DP d’lescht Woch presentéiert.

Den Tresor geet dovunner aus, datt de Staat uganks 2024 een neien Emprunt muss maachen. Well och aner Emprunte musse refinanzéiert ginn an d’Zënskonditioune manner gutt sinn, klëmmt d’Zënslaascht fir de Staat. Op ronn 170 Milliounen Euro d’nächst Joer an op bis zu ronn 620 Milliounen Euro am Joer 2027.

Leschte Freideg hat de Formateur Luc Frieden betount, datt d’CSV an d’DP sech eens wieren, datt d’Budgetspolitik prioritär misst dofir suergen, datt Lëtzebuerg weiderhin zu gudde Konditioune ka Sue léine goen. Déi nei Regierung wëll also dee sougenannten “Triple A” bei den internationale Rating-Agencen halen.

Politesch Conclusiounen

Onkloer ass, wéi eng Finanzpolitik CSV an DP deemno elo wëlle maachen. Politesch ass et fir d’CSV wichteg, fir op d'mannst een Deel vun hire Walverspriechen ze halen, an deemno d’Steieren erof ze setzen. Am Walprogramm gouf ënnert anerem eng Upassung vum Steier-Barème un d’Inflatioun versprach, awer och eng zousätzlech Entlaaschtung vu klenge Léin.

Als President vun der Handelskammer hat de Luc Frieden nach am Dezember 2022 betount, datt d’Staatsschold net dierft 20 bis 25 Prozent vum PIB iwwerschreiden. An datt eng Inflatiounsberengegung vum Steier-Barème an dësen ekonomesch schwieregen Zäiten net méiglech wier. De Staat misst seng Ausgabe reduzéieren. Am Walkampf huet den CSV-Spëtzekandidat anescht geklongen, awer eng Reduktioun vu Sozialausgaben an Investissementer net ausgeschloss.

Den DP-Spëtzekandidat an amtéierende Premier Xavier Bettel hat am Walkampf betount, datt hie keng Steierreduktioune wéilt verspriechen, soulaang net och den néidege Sputt am Staatsbudget do wier.

Aktualitéit
Chamberwalen 2023
Politik