D‘CSV wollt zeréck un d‘Muecht, a si ass och do ukomm. Mee Muecht wëll geüübt sinn. Aus der Oppositioun eraus ass et einfach ze fuerderen an ze kritiséieren, mee wann een dat dann och muss an der Regierung ëmsetzen, gesäit d‘Welt direkt anescht aus.
Staatsbudget: De politesche Spillraum ass geréng
Méi Netto vum Brutto fir jiddereen, huet den CSV-Spëtzekandidat an designéierte Premier Luc Frieden am Walkampf versprach.
Net esou einfach: D‘Zuele vun der Generalinspektioune vun de Finanze soe viraus, datt d‘Staatsschold déi nächst Jore staark klamme kéint. Op iwwer 32 Prozent vum PIB am Joer 2027. Haut sinn et ronn 25 Prozent. Ouni nei politesch Mesurë soll de Staatsbudget all déi nächst Jore staark defizitär sinn. De politesche Spillraum ass geréng. An da gëllt et, sech gutt ze iwwerleeë, wéi eng Mesuren zilféierend sinn, a wéi eng net.
Eng Steierreform kann dann net just heeschen: massiv Steierreduktioune fir jiddereen. Wann de Staat méi muss ausgi fir Krisen ze bewältegen ass et nëmmen normal, datt och méi Steiere agezu ginn. Soulaang et gerecht nom Solidaritéitsprinzip verdeelt ass.
Eng richteg Steierreform ouni Tabuen
Éischt Konklusioun: Et mécht an dësem Moment kee Sënn, de Barème einfach komplett un d‘Inflatioun unzepassen. Dat ass net déi sozial Selektivitéit, déi de Luc Frieden als fréiere Finanzminister an als President vun der Chambre de Commerce an de Mond geholl huet fir Kierzunge bei de staatlechen Ausgaben ze fuerderen.
Zweet Konklusioun: Mir mussen ophalen ze mengen, just d‘Salariéeë kéinte contribuéieren. Bei der Lounsteier ginn et sécher och Ongerechtegkeeten, déi mussen adresséiert ginn, mee déi gréisst Ongerechtegkeet ass nach ëmmer déi, datt d‘Kapital zu Lëtzebuerg bei wäitem manner besteiert gëtt, wéi d‘Salairen. Lëtzebuerg gehéiert do zu de schlechte Schüler an der OECD. Déi nei Regierung misst endlech eng richteg Steierreform maachen, ouni Tabuen. Mee weder d‘DP nach d‘CSV haten dat an hirem Walprogramm stoen.
Et brauch eng iwwerluechten an nuancéiert Approche
Bei der CSV deit souguer alles op de Contraire hin. De Formateur Luc Frieden setzt d‘Koalitiounsverhandlungen ënnert e groussen Zäitdrock, an eisen Informatiounen no wëll d‘CSV schonn op den 1. Januar Steierreduktiounen ëmsetzen, zousätzlech zu deenen, déi an der leschter Tripartite decidéiert goufen. Et kann een op d‘Äntwert gespaant sinn, wou déi Suen hierkomme sollen. Et geet scho Rieds vu Kierzunge bei den Ausgaben, vu Retardéiere vu Bauprojeten, vu manner Rekrutementer an der Fonction Publique.
Dat sinn déi klassesch al Reflexer, déi de Luc Frieden nach vu fréier kennt, mee déi an dësen Zäite ganz geféierlech sinn. Eng iwwerluechten an nuancéiert Approche géif dem Land méi hëllefen. An dat weess de Formateur souguer selwer: virun zéng Méint sot hien nach, eng Inflatiounsberengegung vum Steierbarème wier an dëse schwieregen Zäiten net méiglech. Deemools waren d‘Aussiichte bei de Staatsfinanze souguer nach besser wéi haut. Mee deemools war de Luc Frieden och nach net CSV-Spëtzekandidat, mee President vun der Handelskammer.