Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Staarke Reen an der Toskana - op d'mannst fënnef Doudeger

Noutstand gouf ausgeruf

Staarke Reen an der Toskana - op d'mannst fënnef Doudeger

An der italieenescher Regioun Toskana huet et hënt aussergewéinlech staark gereent. Eng Partie Flëss sinn iwwer d'Ufere gelaf. Op d‘mannst fënnef Leit wieren ëm d‘Liewe komm, esou de President vun der Regioun.

auto_stories

1 min

© Bigstock / wichaiphoto
(Foto: Bigstock / wichaiphoto)

Hien huet de Moien de Noutstand fir d‘Regioun Toskana ausgeruff. Net wäit vu Florenz ewech ass och ee Floss iwwer d‘Ufer gelaf. E puer Dierfer goufen iwwerschwemmt. Op de soziale Reseaue gesäit ee Biller vun Autoen, déi ewechgeschwemmt ginn.

An italieenesche Medien heescht et, e puer Leit géife vermësst ginn.