Radioen

On air

Vue sur mer  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Staark Well vu Conjonctivitte bei Kanner: Ronn 56.000 Schoule maachen temporär zou

Pakistan

Staark Well vu Conjonctivitte bei Kanner: Ronn 56.000 Schoule maachen temporär zou

An der pakistanescher Provënz Punjab si vun haut u ronn 56.000 Schoulen temporär zou. Dat wéinst enger staarker Well vu Conjonctivitte bei Kanner.

auto_stories

1 min

Pakistan Fändel | © Abuzar Xheikh / Unsplash
Pakistan Fändel (Foto: Abuzar Xheikh / Unsplash)

Bei enger Conjonctivite ass de wäissen Deel vum An entzünt. Engem Vertrieder vum Gesondheetsministère no géif et an Tëscht bal 100.000 Fäll ginn. D‘Autoritéiten hunn d‘Populatioun opgeruff, Kontakter ze evitéieren, doheem ze bleiwen a keng Hänn ze rëselen.

Eier e Méindeg d‘Schoulen nees op gi soll den Educatiounsministère elo Richtlinne festleeën, fir eng weider Ausbreedung ze verhënneren. D‘Grënn fir d‘Infektiounswell sinn net bekannt. Eng Partie Dokteren tippen awer op déi héich Loftfiichtegkeet wéinst dem ongewéinlech laange Monsun.