search

/ War d'Decisioun d'Konte vum internationale Strofgeriichtshaff zouzemaache politesch?

Bankesecteur

|
reading time

3 min

War d'Decisioun d'Konte vum internationale Strofgeriichtshaff zouzemaache politesch?

D’Spuerkeess hätt sech a Punkto Zoumaache vun de Konte vum internationale Strofgeriichtshaff un all Reegele gehalen, dat sot den CSV-Finanzminister Gilles Roth. D'Bank hätt eng normal Risikobewäertung gemaach fir hier Clientë virun de Konsequenze vun de Sanktiounen ze schütze.
 

reading time

3 min

© picture alliance / ZB | ERZ-Foto/Georg Ulrich Dostmann
(Foto: picture alliance / ZB | ERZ-Foto/Georg Ulrich Dostmann)

Déi Kritik stoung am Raum, nodeems d’Spuerkeess-Direktioun d’Konten zougemaach hat am Kader vun amerikanesche Sanktioune géint den internationale Strofgeriichtshaff. Den US-President Donald Trump hat déi verhaangen, nodeems d‘Institutioun Haftbefeeler géint den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu a säin deemolege Verdeedegungsminister ausgestallt hat. 

Reng Risikoanalys fir Clientë

D‘Decisioun wier eng reng Risikoanalys fir d‘Clientë gewiescht. Dat sot de Finanzminister Gilles Roth an der zoustänneger Chamberkommissioun. Och d’Spuerkeess-Direktioun huet an der Kommissioun Erklärunge geliwwert.

De Finanzminister huet ënnerstrach, datt et sech net ëm eng politesch Decisioun gehandelt hätt. Den internationale Strofgeriichtshaff wier e Client wéi en aneren och. 

"Et kann een natierlech de generelle geopolitesche Kontext bedaueren, mee hei ass eng konkreet Fro, déi sech gestallt huet par Rapport zu Avoiren op engem Kont an herno och par Rapport zu dem Kont selwer. An nach eng Kéier, de CPI huet selwer déi Suen ofgezunn an ech schléissen net aus, fir dat politesch fein auszedrécken, datt de Kont och einvernehmlich herno opgeléist gouf."

Kritik vun Oppositiounssäit: Eebe kee Cliente wéi een aneren

D’Oppositiounsparteien LSAP, déi Gréng an déi Lénk hunn d‘Argumentatioun vun der Regierung awer kritiséiert. Et hätt een dëser internationaler Institutioun vu Lëtzebuerger Säit aus e bessere Schutz kënne garantéieren, si wier kee Client, wéi een aneren.

D'Sam Tanson vun déi gréng huet kritiséiert, datt d'Politik sech komplett erausgehalen hätt. Respektiv wier dat, dat wat si gesot kritt hätten. 

"Dat wat mer elo ëmmer nach net genau wëssen ass, wien vun der Regierung informéiert war."

D'Sam Tanson sot wat si wierklech bedauere géif wier, datt d'Regierung net proaktiv gehandelt hätt grad als Lëtzebuerg mat enger grouss Finanzplaz. An anere Länner, zum Beispill an Holland, wier proaktiv gehandelt ginn, et hätt een de Kontakt gesicht mat der Finanzplaz an notamment mat der Staatsbank, fir ze kucke wéi een hei mat ëmgeet. 

"Well et geet eeben net ëm iergendee Client, et geet ëm eng extreem wichteg Institutioun."

Regierung hätt proaktive missen de Kader setzen

Och den LSAP-Deputéierte Franz Fayot bedauert, datt Lëtzebuerg sech net méi däitlech hannert den internationale Geriichtshaff gestallt huet. 

"Wat am Fong méi problematesch ass, dat ass, datt d'Regierung dat hei net encadréiert huet, wéi dat zum Beispill an Holland geschitt ass, wou proaktiv mam Secteur gekuckt ginn ass, wéi ee kéint esou Konte vun esou enger wichteger Institutioun wéi der CPI ophalen."

An der Chamberkommissioun gouf och bekannt, datt de Geriichtshaff d’Lëtzebuerger Ambassade an Holland scho virum Ëmsetze vun de Sanktiounen de-marschéiert hat fir gemeinsam eng Léisung ze fannen. Lëtzebuerg hätt do kloer gemaach, datt Sanktiounen effektiv géifen ëmgesat ginn.