Radioen

On air

9 bis 1  |  Thandii - Nayland Rock

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Spuenien: Op d'mannst 72 Doudeger no staarke Wiedere mat Reen

Regioun ronderëm Valencia

Spuenien: Op d'mannst 72 Doudeger no staarke Wiedere mat Reen

D‘Regierung a Spuenien huet 3 Deeg Staatstrauer ausgeruff no de schroen Iwwerschwemmungen. De Bilan vun den Doudesaffer wier op op d‘mannst 72 geklommen. All bis op 2 dovun an der Mëttelmier-Regioun Valencia.

auto_stories

3 min

headphones

1 min

play_arrow
Fotoen: RosaryMum / X

Dee Bilan wier nach provisoresch a kéint nach klammen. Der Zeitung El País no géifen nach Dosende Leit vermësst ginn. 

Schlëmmsten Iwwerschwemmungen zënter den 90er Joren

Dem Premier no wier dës "zerstéieresch Episod" nach net eriwwer. Dat sot de Pedro Sanchez an enger Televisiounsusprooch. Bréissel huet schonn Hëllef ugebueden.

De Bilan vun den Doudesaffer ass mëttlerweil op iwwer 60 geklommen. Eleng an der Mëttelmier-Regioun Valencia wieren engem virleefege Bilan no op d‘mannst 62 Leit gestuerwen, esou déi spuenesch Staatstelé mat Verweis op d‘Autoritéiten. Dosende Leit gëllen als vermësst.

Op ville Plaze sinn d‘Rettungsdéngschter wéinst den iwwerschwemmten oder soss blockéierte Stroossen net duerchkomm. D‘Autoritéiten hunn d‘Awunner opgeruff fir sech net iwwert d‘Strooss ze deplacéieren. 

D‘Iwwerschwemmunge sinn déi schlëmmst a Spuenien zënter Enn den 90er Joren. 

Ganz staarke Ree bannent kuerzer Zäit huet an e puer Regiounen am Süden an Oste vu Spuenien Iwwerschwemmunge verursaacht. Op Biller op de soziale Reseaue gesäit een Autoen, déi vum Waasser matgerappt ginn a Brécken, déi zerstéiert ginn.

Dosende Mënsche ginn nach vermësst. De Bilan vun den Affer ass provisoresch.

Zuch tëschent Malaga a Madrid entgleist

An der Regioun Valencia gëtt et gréisser Perturbatiounen am Transport. All d'Zuchservicer goufe gestoppt a Flich goufen entweder ëmgeleet oder annuléiert. 

Nieft Valencia ass och d‘Stad Albacete an der Regioun Catsilla-La-Mancha betraff. Do géifen op d‘mannst 6 Mënsche vermësst ginn, sou déi lokal Medien. Wéinst engem Äerdrutsch ass och een AVE-Schnellzuch mat ronn 300 Passagéier tëscht Malaga a Madrid entgleist. Et ass awer kengem Mënsch eppes geschitt.

De Kinnek Felipe huet an engem Message op X geschriwwen, hie wier um Buedem zerstéiert, an huet de Famille vun den Affer säi Matleed ausgedréckt an hinne Courage a Kraaft an déi néideg Ënnerstëtzung gewënscht.

Lauschtert eng Korrespondenz aus Spuenienplay_arrow