Radioen

On air

Concert  |  Ganz am Zeeche vum Richard Wagner

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Spuenesch Demande fir dräi zousätzlech EU-Sproochen: EU-Ministeren tranchéieren

Europa

Spuenesch Demande fir dräi zousätzlech EU-Sproochen: EU-Ministeren tranchéieren

Déi spuenesch Regierung hat déi Demande eragereecht. Deemno sollten nieft kastillesch an Zukunft och baskesch, katalanesch a galizesch op d’Lëscht vun de bis elo 24 offiziellen EU-Sprooche gesat ginn. Hannergrond vun där Ufro ass de Fait, datt de Premier Pedro Sanchez op separatistesch Parteien ugewisen ass, fir erëm op eng Majoritéit ze kommen. ​

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Europäesch Kommissioun | © EC - Audiovisual Service play_arrow
D'Europäesch Kommissioun debattéiert iwwer Spuenesch Demande fir dräi zousätzlech EU-Sproochen (Foto: EC - Audiovisual Service)

Deel vun där Demande ass, sou huet een héijen EU-Diplomat confirméiert, och d’Propos datt déi spuenesch Regierung d’Käschte vun der Aarbecht iwwerhëlt, déi d’Iwwersetzen an dräi zousätzlech Sprooche géif mat sech bréngen

​Ambassadeure fuerderen Impakt-Analys

Datt dat allerdéngs duer geet, fir d’Ministeren aus de 26 aneren EU-Länner ze iwwerzeegen, ass éischter onwarscheinlech. Fir dat entspriechend Reglement Nr. 1 vun der EU ze änneren, wat de Sproocheregimm definéiert mussen se nämlech alleguerten unanime dofir sinn. 

D’Ambassadeuren haten déi lescht Woch iwwert déi spuenesch Demande diskutéiert. Do goufen duerchaus Bedenke vu verschiddenen geäussert an et goufen Impakt-Analyse gefrot iwwer déi legal Konsequenzen. D’Angscht, hei géif ee Präzedenzfall geschaaft ginn, huet do matgespillt. 

​Spuenie wëll d'Käschten iwwerhuelen

Am Prinzip soll haut ofgestëmmt ginn, et ass awer éischter warscheinlech, datt just de Constat gemaach gëtt, datt een sech net eens ass, an een d’Saach un een Aarbechtsgrupp virugëtt. Wat d’Offer, datt Spuenien d’Käschte fir dat Ganzt iwwerhuele géif ugeet, gëtt et den Ament keng Chifferen doriwwer wat dat genee bedeit.

Eleng d’Europäesch Kommissioun gëtt all Joer 300 Milliounen Euro dofir aus, d’Dokumenter an déi 24 EU-Sproochen ze iwwersetzen. 

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Lauschterenplay_arrow