Den fréiere Escher CSV-Buergermeeschter a spéideren Sportsminister Georges Mischo hätt dee Projet an Optrag ginn a war och responsabel fir den aktuelle Projet vum Sportmusée deen den Ament op Äis läit. D’Liz Braz stell awer net nëmmen d’Virgoen vum deemolege Sportminister a Fro, mee och den CSV-Finanzminister Gilles Roth.
Deem seng Administratioun hätt him am Abrëll zejoert gesot, datt si dat net fir raisonabel hält, fir ee Musée mat esou Montanten ze bauen, seet d'Liz Braz. Et géif si wonneren, datt de Gilles Roth elo "näischt méi wëll gewosst hu vu sou engem Projet" an de Projet duerchgewonk huet.