Fir mam Positiven unzefänken: Ech fannen, datt et dës Kéier eng méi grouss Diskussiounsbereetschaft bei de Spëtzekandidatinnen a -kandidate vun de grousse Parteie gouf. Uganks der Woch hate mir hei um Radio eng Ronn mam Xavier Bettel, Luc Frieden, Paulette Lenert a Sam Tanson, wou et ëm Logement a Klima goung.
Bei de leschte Walen 2018 war dat net méiglech: zum Schluss vun der Campagne hunn den DP-Spëtzekandidat Xavier Bettel an de Claude Wiseler vun der CSV refuséiert bei eis um Radio mam LSAP-Spëtzekandidat Etienne Schneider ze debattéieren. Och d’Wort an RTL Radio kruten deemools a leschter Sekonn eng Ofso.
Si hunn also d’Konfrontatioun evitéiert. An dat ass dës Kéier anescht. Obwuel de Setting änlech ass: eng blo-rout-gréng Koalitioun ass am Amt an d’CSV wëll nees an d’Regierung. D’Campagne war 2018 manner konfrontativ. Firwat dat sou war, huet de Gast Giberyen vun der ADR zwee Deeg virun de Walen an enger Debatt op RTL versicht esou ze erklären.
“Déi heite Regierung, déi ass sech bewosst, si si praktesch iwwerzeegt, datt se keng Majoritéit méi kréien. Dann ass d’CSV d’office an der Regierung an de Claude Wiseler ass d’office Staatsminister. D’Gedanke si ganz einfach do: Wie kritt elo déi beschten Ausgankspositioun fir kënne mat der CSV zesummen ze goen. Si biedere sech jo quasi un alleguer. An dat ass am Fong dat, ëm wat et dës Kéier geet: Wien hëlt d’CSV no dem Sonndeg mat an déi nächst Regierung ran?”
Mir wëssen elo, datt et ganz anescht komm ass, an nodeems d’CSV sech elo fënnef Joer an der Oppositioun selwer demontéiert huet, war d’Prämiss fir dëse Walkampf eng ganz aner wéi 2018: Ob Zweeër-Koalitioune méiglech sinn, ass ongewëss. An dat huet an dëser Campagne fir eng aner Dynamik gesuergt. Virop an der Approche vun der gréisster Oppositiounspartei selwer.
De Bilan vum CSV-Walkampf: huet den #Luc iwwerzeegt?
Dee gréissten Defi war fir dem CSV-Spëtzekandidat Luc Frieden säin Image opzepoléieren an hien zum Symbol vun enger neier Politik ze maachen: also vum Minister Frieden zum Luc, mat Hashtag virdrun.
Ech si mir net sécher ob dat gelongen ass. Déi aner Parteien, virop d’LSAP hunn et der CSV net einfach gemaach: een LSAP-Kandidat, de Max Leners, deem dem Wirtschaftsminister Franz Fayot no steet, huet een Abécédaire mat de sëllege politesche Sënne vum Luc Frieden publizéiert.
An an déi Serie passt den neiste Faux-Pas vum Luc Frieden, fir wärend der Walcampagne op eng Party vum Bau-Promoteur Marc Giorgetti ze goen.
Mee de Luc Frieden krut seng Themen am Walkampf imposéiert. D’Messagë vun der CSV ware méi kloer ewéi 2018. Do wousst um Enn keen, wat dem deemolege Spëtzekandidat Claude Wiseler säi Plang fir Lëtzebuerg eigentlech wier.
Dat ass dës Kéier besser gelongen: méi Kafkraaft, manner Steieren – dat krut d’CSV kloer vermëttelt. Dat gouf ofgeronnt mat familljepolitesche Verspriechen un eng aiséiert Mëttelschicht a reegelméissege Picke géint eng vermeintlech gréng Verbuetspolitik, fir och de populistesche Vott opzefänken.
Wann d’CSV e Sonndeg gutt ofschneit, wäert se awer gezwonge sinn, Kompromësser ze maachen, fir e Koalitiounspartner ze fannen. Steieren erof heescht awer fir de Luc Frieden och Ausgabe kierzen. A Mol net eng DP schéngt bereet ze sinn, mat op dee Wee wëllen ze goen.
DP: Bei der Steierfro a Bedrängnis komm
De Xavier Bettel huet vun enger Sûrenchère geschwat, un deem d’DP sech net wéilt bedeelegen. Dem Luc Frieden ass et offensichtlech gelongen, d’DP an der Steierfro a Bedrängnis ze bréngen: ëmmerhi gëllen eigentlech déi Liberal als Partei, déi sech fir méiglechst niddereg Steieren an ee schlanke Staat asetzt. Déi Positioun vertrëtt am Walkampf elo awer d’CSV: d’Rolle sinn also quasi inverséiert. D’CSV viséiert domadder DP-Wiesselwielerinnen a –wieler.
Deem huet d'DP d’Versprieche vun enger responsabler Politik entgéintgestallt, mat engem Xavier Bettel als krisen-erfuerene Staatsmann. Mee de Xavier Bettel krut net vermëttelt, wéi hie responsabel mat Staatsfinanzen a Kafkraaftverloschter wëll ëmgoen. Engersäits well seng Partei kee kloert Konzept fir eng Steierreform presentéiert huet. An da stoung dem Xavier Bettel och seng rhetoresch Haselegkeet am Wee: hie krut säi Bilan net vermëttelt.
Also: Bettel ass Bettel, ob 2023 oder 2018. Mee eppes huet changéiert: hie ka sech no zéng Joer an der Regierung net méi als de Mann vun der Erneierung verkafen.
LSAP: d’Paulette Lenert ass net den Etienne Schneider
An dat, obwuel d’Paulette Lenert net onbedéngt méi ee lénke Profil huet wéi hire Virgänger als LSAP-Spëtzekandidat. Mee hir Partei gëtt sech vill Méi hir een aneren Image ze ginn ewéi de liberalen Dropgänger Etienne Schneider en hat: nämlech als poséiert, an “éierlech a gerecht”, wéi et op de Walplakater steet.
Nach virum Summer hu vill Leit an hirer Partei an aus anere Parteie mir gesot, si géifen dorunner zweifelen, datt d’Paulette Lenert am Walkampf kéint iwwerzeegen. Déi Leit hunn hir Meenung entretemps geännert. Grad an den Debatte mat den anere Spëtzekandidaten huet ee gemierkt, datt d’Paulette Lenert gutt preparéiert ass, sachlech argumentéiert an och an d’Offensiv ka goen.
Manner kloer schéngt mir, fir wat si politesch genau steet a woufir si beim Choix vun engem Koalitiounspartner genau wéilt kämpfen: Rout Linne wollt si am Walkampf jo keng zéien.
De Sondagen no kéint d’LSAP dës Kéier den Negativtrend vu viregte Wale gestoppt kréien. Ech maache sécher och keng Prognosen, mee ech ka mir gutt virstellen, datt d’Walresultat d’selwecht wéi 2018 eng ganz Rei Iwwerraschunge mat sech bréngt.
Mee effektiv ass et bei der LSAP elo zanter iwwer 40 Joer - mat enger Ausnam bei de Chamberwalen - konstant biergof gaangen: 1984 hat d’LSAP nach 21 Sëtz – sou vill wéi d’CSV elo – an 11 méi wéi se bei de leschte Wale krut.
D’Paulette Lenert trëtt am Osten un: ee klenge Walbezierk an deem d’LSAP enorm u Stëmme misst zouleeën, fir een zweete Sëtz ze ergatteren. Eng Fro ass, ob d’Popularitéit vun der Spëtzekandidatin hëlleft, datt d’LSAP och an anere Bezierker nees méi Lëschtestëmme kritt.
Déi gréng: eng sachlech Spëtzekandidatin
Déi gréng hunn 2018 am Géigesaz zu den dräi anere Parteien, iwwer déi mir elo geschwat hunn, d’Wale gewonn. Dat war eng historesch Wal-Victoire fir déi gréng. Mat Plus dräi Sëtz an 9 Deputéierten hu si d’Dräierkoalitioun gerett.
Mat engem änlech gudde Score rechnen déi gréng dës Kéier net. Obwuel d’Stëmmung sech géint si gedréint huet, hunn déi gréng grosso modo dee selwechte Walkampf gemaach wéi 2018, mat engem staarken Akzent op den Themen Ëmwelt, Natur a Klima – an der Hoffnung hir Kärwielerschaft ze mobiliséieren.
D’Spëtzekandidatin Sam Tanson huet an den Diskussiounsronnen op Sachlechkeet a Sachkenntnis gesat. Dat passt zu hirem Stil, mee rappt d’Leit vläicht net onbedéngt mat.
ADR: méi mat sech selwer beschäftegt
D’ADR war an dësem Walkampf haaptsächlech mat sech selwer beschäftegt, well hiren Ëmgank mat Memberen, déi extremistesch Usiichten hunn, zum Theema ginn ass. Fir den Interview mam ADR-President Fred Keup dës Woch hei um 100,7 ze zitéieren: déi Problematik ass hinnen “komplett Wurscht”.
A mat der Realitéit muss d’ADR sech och net méi ausernee setzen: alles kann een als engem anere seng Meenung vu sech weisen. D’ADR vun 2023 ass post-faktesch, wéi den Donald Trump et virgemaach huet.
International läit dat bei Parteien um ganz rietse Bord am Trend. Bis elo hunn esou Positiounen hei am Land net gezunn, à voir wéi dat sech entwéckelt.
Déi Lénk setzen op Käpp
Déi Lénk krute wéinst hire Verloschter bei de Gemengewalen ee klenge Schreck. Si hunn effektiv Angscht, fir hir 2 Sëtz an der Chamber ze verléieren. Also stinn och elo bei déi Lénk méi wéi gewinnt d’Käpp am Mëttelpunkt vun der Campagne: si setzen op den David Wagner an de Marc Baum, déi 2018 am Zentrum a Süden Éischtgewielt waren.
Déi zwee ginn der Partei nees eng méi kloer Linn, mam Schwéierpunkt op der sozialer Fro. Et ass een aneren Toun, nodeems déi zwou Deputéierte Myriam Cecchetti an Nathalie Oberweis déi lescht zwee Joer mat méi kontroversen Aussoen zur Pandemie an och zum Krich an der Ukrain deels fir Befrieme gesuergt hunn.
Piraten: kee seriöe Koalitiounspartner?
Grouss Iwwerraschung war 2018, datt d’Piraten an d’Chamber komm sinn, direkt mat 2 Deputéierten. Mee wéi geet et elo weider? Wann een de Sondagë gleeft, da kéinten d’Pirate Sëtz gewannen.
Et sief dann d’Wielerinnen a Wieler hätte sou lues spatz kritt, datt d’Pirate virun allem mat einfache Slogane lackelen, awer kee politesche Projet hunn. Wéi de Süd-Spëtzekandidat an Deputéierte Marc Goergen selwer an engem Interview sot: de Piraten hir Positioune sinn net aussergewéinlech, déi fënnt een och bei anere Parteien. Mee ënnert anerem déi gutt Stëmmung an der Partei géif den Ënnerscheed maachen.
Sou gutt ass d’Stëmmung wuel awer net. Et goufe rezent nees Austrëtter no Streideren am Ost-Bezierk. An och soss leeft et net sou ronn: De Spëtzekandidat Daniel Frères suergt mat senger Déiereschutz-Asbl nees fir Chaos an de Walkampffinanzen. An anescht wéi gemengt, kënnen d’Piraten net op Dausende Stëmme vun Auslands-Lëtzebuerger hoffen, déi a Brasilien liewen.
De Chaos an der Partei an hir populistesch Linn maachen, datt d’Pirate vu kengem als seriéise Koalitiounspartner consideréiert ginn, och wa se e Sonndeg gutt sollten ofschneiden.
Kënnt eng nei Partei an d’Chamber?
Et triede véier Parteien un, déi net an der Chamber vertruede sinn: KPL, Volt, déi Konservativ a Fokus. Dräi dovunner hu scho bei viregte Wale matgemaach a wéineg Stëmme krut. Fokus ass nei dobäi, mee de Spëtzekandidat a fréieren CSV-President Frank Engel ass bekannt. Sécher ee Virdeel an eisem Walsystem.
An dann trëtt als nei Partei nach “Liberté-Fräiheet” un. Si hunn aktuell mam Roy Reding zwar schonn een Deputéierten, mee deen ass 2018 fir d’ADR am Zentrum an d’Chamber gewielt ginn. Säi perséinlecht Resultat vun deemools geet eleng awer net duer fir senger neier Partei ee Sëtz ze garantéieren.
Bei de leschte Wale sinn iwwer aacht Prozent vun de Stëmmen u Parteie gaangen, déi duerno kee Sëtz an der Chamber haten. Do gëtt et also eng Zersplitterung vum Vott, mat deem een och dës Kéier muss rechnen, deen awer virun allem de Vott um rietse Bord betrëfft.
Wäerte mir kuerz nom Walowend scho méi wëssen?
Ech ka mir virstellen, datt wann nieft Blo-Rout-Gréng eng oder méi Zweeër-Koalitioune mat der CSV méiglech sinn, et effektiv ee bësse kéint daueren. Well ech mengen, datt grad d’LSAP deen Ament genau géif kucken, mat wiem se méi eraus schloe kann.
Mee vläicht ass den Zenario och ee ganz aneren. Ech rechne just mat enger Saach ganz fest: datt de Walowend wäert spannend ginn. Well dacks hänkt et an de véier Bezierker just vu ganz e puer Stëmmen of, ob ee Sëtz bei déi eng oder aner Partei fält. Do kënne Majoritéiten op eemol méiglech ginn oder eben awer net.
2018 war d’Walresultat réischt kloer, wéi och déi lescht kleng Gemeng, nämlech Leideleng géint hallwer 11 owes endlech ausgezielt war. Wéinst e puer Stëmmen hat d’LSAP schlussendlech am Süden ee sechste Sëtz, ouni dee se wuel an d’Oppositioun gaange wier. Déi gréng hätten dee Sëtz bal krut a mat der CSV kënne koaléieren. An da wier wuel sou munches ganz anescht komm, wéi et haut ass.