arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Sollt de Sarkozy am Appellprozess schëlleg gesprach ginn, dreeën him 10 Joer Prisong

Frankräich

|
reading time

1 min

headphones

2 min

play_arrow

Sollt de Sarkozy am Appellprozess schëlleg gesprach ginn, dreeën him 10 Joer Prisong

Zënter gëschter leeft zu Paräis den Appellprozess géint de fréiere President Nicolas Sarkozy am Kontext vun der Korruptiounsaffär ëm illegal Finanzementer vum libeschen Ex-Leader Muammar Gaddafi. De Sarkozy war jo an éischter Instanz zu fënnef Joer Prison verurteelt ginn.

reading time

1 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / NurPhoto | Michel Stoupak
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Michel Stoupak)

Nach bis den 3. Juni huet den Nicolas Sarkozy d’Méiglechkeet, d’Geriicht vu senger Onschold ze iwwerzeegen.

D'lescht Joer am September war hie jo wéinst Association de malfaiteurs schëlleg gesprach an zu fënnef Joer Prison verurteelt ginn. Am Oktober hat hien dräi Woche vu senger Haftstrof ofgesat, éier hien nees op fräie Fouss koum.

Affekot optimistesch, datt een d'Onschold beweise kann

Sollt de Sarkozy den Appellprozess verléieren, kéint hien esouguer bis zu 10 Joer Prison riskéieren.

An zwou weidere Korruptiounsaffären ass hie schonn definitiv schëlleg gesprach ginn. Niewent dem Sarkozy sinn och nach néng weider Persounen an Appell, dorënner och seng fréier Mataarbechter a Ministere Claude Guéant, Brice Hortefeux an Eric Woerth.

Gëschter um éischte Prozessdag koum de Sarkozy ouni Familljenentourage viru Gericht un. E Mëttwoch wäert hien eng éischte Kéier d’Wuert ergräifen. Säin Affekot, de Jean-Michel Darrois, war gëschter um Mikro vum franséischen RTL awer optimistesch, datt een seng Onschold beweise wäert.

Dat finaalt Urteel vum Prozess wäert ëm den 30. November falen.

play_arrow Lauschteren