Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Solidaritéitsmarsch fir d'Ukrain an der Stad

Gesellschaft

Solidaritéitsmarsch fir d'Ukrain an der Stad

Ënnert dem Slogan “De Kampf vun der Ukrain - d’Zukunft vun Europa“, stoung de Samschdeg e Solidaritéitsmarsch um zweete Joresdag vum Ufank vum Krich an der Ukrain. D’asbl LUkraine an d’ASTI haten zu deem Marsch opgeruff.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Vun der Gare aus goung et am fréien Nomëtteg op d’Place Clairefontaine, déi mat Honnerte Leit gutt gefëllt war, wann och manner wéi zum Beispill fir d’Manifestatioun vu virun zwee Joer. De Chamberpresident Claude Wiseler huet eng zum Deel emotional Ried gehalen, an där hien den Ukrainer de volle Support vu Lëtzebuerg zougeséchert huet.

Hie wier verzweiwelt wéinst dem Grond, wéinst deem een zesumme wier, sou den éischte Bierger vum Land. Hie wier zejoert schonn do gewiescht a kéint sech nach u seng Gefiller op deem Dag erënneren. Hie wier erstaunt gewiescht, datt d’Ukrainer dunn nach gekämpft a Russland widderstanen hätten. “Ech wosst net, wéi staark a wéi couragéis Dir wäert. Elo wësse mer et.”, sou de Claude Wiseler op englesch.

Claude Wiseler: "E Kampf fir d'Demokratie"

Wat zejoert gesot gi wier, wier nach ëmmer wouer. D’russesch Attack wier eng kloer Violatioun vum internationale Recht, de Mënscherechter an der Mënschlechkeet. D’Gewalt, op déi zréckgegraff gëtt, wier onvirstellbar. “Dat ass absolut inacceptabel an onmënschlech“, sou de Claude Wiseler.

De Kampf, deen d’Ukrainer kämpfen, wier net just e Kampf fir d’Ukrain. “Et ass e Kampf fir d’Demokratie, et ass e Kampf fir d’Fräiheet, et ass e Kampf fir d’Mënscherechter an et ass e Kampf fir eis Liewensweis.”

"D'Ukrain geet de Wee net eleng"

D’Ënnerstëtzung, déi Lëtzebuerg der Ukrain zanter zwee Joer gëtt, wier net nëmmen e Support fir d’Ukrain.

“Et ass och e Support fir d’Wäerter, un déi mir all zesumme gleewen.”

Et wier ze fäerten, datt nach e laange Wee ze goe wier, mee d‘Ukrain géif de Wee net eleng goen, sou de Claude Wiseler a senger Ried.

Et misst een, sot de Chamberpresident nach, och dogéint kämpfen, datt d’Leit krichsmidd ginn. A wann een d’nächst Joer erëm misst present sinn - och wann hien hoffe géif, datt de Krich bis dohin eriwwer wier - da wier ee present, an et géif ee genee déi selwecht Solidaritéit weise wéi déi lescht zwee Joer.

Lauschterenplay_arrow