Beim 100,7 iwwerhëls du d’Rudder vun eise Social-Media-Kanäl. Vun der Iddi bis zur Publikatioun: Du konzipéiers, produzéiers a optimiséiers Content, deen erausstécht. Dobäi verléiss du dech net eleng op däi Bauchgefill, mee analyséiers d’Statistiken an häls däin Zilpublikum am Bléck.
Wéi stäerks du d’Ekipp?
Du schaffs gäre mat Leit, bass kreativ, hues ëmmer nees spannend Iddie fir nei Formater. Du kanns gutt op Lëtzebuergesch schreiwen, an trëffs de richtegen Toun. Och an hektesche Momenter behäls du den Iwwerbléck a kommunizéiers kloer an effizient. Dës Kompetenzen hues du schonn an dengem beruffleche Parcours am Social-Media-Beräich opgebaut a weiderentwéckelt.
Wourop s du dech verloosse kanns
Du gëss Deel vun enger klenger, dynamescher Ekipp, déi hir Passioun fir digitale Marketing, Kommunikatioun a Sozial Medien all Dag lieft. Du hues d’Méiglechkeet, aktiv un der Gestaltung vun eise Social-Media-Strategië matzewierken a bass am enken Austausch mam Team. Du entwéckels innovativ Inhalter a Formater, déi Opmierksamkeet schafen, Vertrauen opbauen an d’Interaktioun mat eiser Community stäerken.
Mir bidden dir en Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) an e Salaire mat attraktive Perspektiven. An et vergeet kaum eng Woch, bei där s du net eppes Neies léiers oder spannend Leit begéins.
An elo?
Hues du nach Froen? Da mell dech!
Ass alles kloer? Da schéck eis deng Kandidatur bis de 27. Abrëll op rh@100komma7.lu.
Am Fall vun engem Rekrutement muss e Casier judiciaire (Nummer 3) virgeluecht ginn.