Um Site smartwiele.lu kënnen d'Wielerinnen a Wieler eng Réi Froen zou 8 verschiddenen Sujete beäntweren déi, déi europäesch Politik dominéieren. Mam Resultat kann een da kucken, wéi eng Politikerinnen a Politiker oder wéi eng Parteien, sech mat deenen eegenen Iddien iwwerschneiden. An och déi eege politesch Positionéierung, kann ee mat dësem Tool aschätzen.
En Tool fir politesch Bildung
Bei de leschte Parlamentswale wier d'Resonanz grouss gewiescht. Do hätte ronn 80.000 Leit mat gemaach. An och de Gros vun de Parteien hätt positiv reagéiert.
Smartwielen.lu wier awer net nëmmen en Informatiounstool, erkläert de Marc Schoentgen Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung, mee et wier och en Tool fir politesch Bildung.
"Den Tool ass fir jiddwereen zougänglech, egal wéi al een ass, egal wéi eng Nationalitéit een huet. Et kann ee sech via den Tool informéieren, iwwer dat wat d'Kandidaten zu bestëmmte politesche Froe soen, respektiv iwwer dat wat d'Parteien offiziell soen."
38 Froen ze beäntweren
Am Ganze ginn 38 Froe gestallt, dat op der Basis vun de Parteiprogrammer oder ëffentlechen Deklaratioune vu Parteien a Politikerinnen a Politiker. Vun deenen 38 Froe ginn der 25 och an aneren EU Staate gestallt, déi änlech Bewäertungssystemer hunn. 13 Froe goufe spezifesch vun der Uni Lëtzebuerg an dem Zentrum fir politesch Bildung ausgeschafft. Iwwerdeems gouf et eng ëffentlech Consultatioun, bei där 400 Virschléi erakoumen.
Fir d'Leierpersonal gouf ausserdeem en Dokument ausgeschafft, dat fir déi pädagogesch Aarbecht mat de Schülerinnen a Schüler geduecht ass.