Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Metronomy, Porij - Petit Boy

play_arrow Live
search

/ Slowakesche Premier dreet mat Stopp vu finanzieller Hëllef fir ukrainesch Flüchtlingen

No ukraineschem Transit-Stopp

Slowakesche Premier dreet mat Stopp vu finanzieller Hëllef fir ukrainesch Flüchtlingen

De slowakesche Premier Robert Fico huet domat gedreet déi finanziell Hëllef fir 130.000 ukrainesch Flüchtlingen ze sträichen, nodeems d'Ukrain Gasliwwerungen aus Russland gestoppt huet.

auto_stories

1 min

Robert Fico | © picture alliance / NurPhoto | Ton Molina
Robert Fico (Foto: picture alliance / NurPhoto | Ton Molina)

Kiew hat den 1. Januar eng Pipeline zougemaach duerch déi russesche Gas an Zentraleuropa geliwwert gouf.

De Robert Fico, deen am Dezember de Wladimir Putin zu Moskau besicht hat, huet dat Sabotage genannt. Duerch d'Fermeture vun där Pipeline géif d'Slowakei 500 Milliounen Euro Recettë verléieren, déi aner Länner fir de Gastransit bezuelt hunn. Hie géif elo proposéiere Sue fir ukrainesch Flüchtlingen an der Slowakei ze sträichen a Stroumliwwerungen un d'Ukrain ze stoppen, esou de slowakesche Premier.

D'EU-Kommissioun sot den Donneschdeg an engem Statement, d'Gasliwwerungen un d'EU-Member-Staate wieren iwwer alternativ Weeër geséchert, an et géif keng Enkpäss ginn.