An der net ëffentlecher Sitzung vu ronn 45 Minutten am Garer Quartier goufe just d’Eckpunkte vum Regierungsprogramm virgestallt. Nom Comité Directeur huet de Chef vun der DP-Delegatioun bei de Koalitiounsverhandlunge Xavier Bettel déi zwou Fraen a fënnef Männer virgestallt, déi d’DP an d’Regierung schéckt.
Dee jéngste Regierungsmember, Eric Thill
Ee vun hinnen ass den Eric Thill, dee bei de Chamberwalen net gewielt gouf, an nëmme Véierten op der DP-Nordlëscht gouf.
"Dee jéngste Member an der nächster Regierung wäert de Minister si fir d’Kultur an och Ministre délégué au tourisme, den aktuelle Buergermeeschter vu Schieren, den Eric Thill."
Den Eric Thill gouf eréischt de Weekend gefrot, ob hie wëllt Minister ginn, huet hie gesot.
"Et war schonn eng grouss Iwwerraschung, ganz kloer. Ech sinn awer op dëser Plaz awer och ganz houfereg, ganz frou."
Stéphanie Obertin: "E ganz groussen Challenge"
Och net bei de Chamberwale gewielt gouf d’Doktesch Stéphanie Obertin: si gouf déi eeleft op der DP-Zentrumslëscht, a soll elo DP-Ministerin ginn, huet de Xavier Bettel ugekënnegt.
"Vu Formatioun Generalistin, an ech mengen och, dass dat fir d’Recherche ee wichtegt Zeechen och ass, an och fir eis Uni zu Lëtzebuerg, gëtt Minister fir d’Digitalisatioun, Minister och vun der Recherche a vum Enseignement Supérieur, d’Stéphanie Obertin."
Déi zukünfteg Ministerin gouf eréischt ee Méindeg gefrot, ob si an d’Regierung wëllt.
"Et ass natierlech ee ganz groussen Challenge fir mech, well et eppes ganz anescht ass, wéi dat wat ech bis elo gemaach hunn. Mee bon, ech probéiere meng Aufgab unzehuelen a beschtméiglech ze maachen."
Xavier Bettel gëtt Ausseminister
De Xavier Bettel wäert an der neier Regierung Vize-Premier, Aussen- a Kooperatiounsminister ginn. Fir hien perséinlehc wier dat och en neien Challenge, seet hien.
D’Yuriko Backes iwwerhëlt d’Ressorte Verdeedegung, Mobilitéit, ëffentlech Bauten a Chancëgläichheet.
De Lex Delles behält d’Beräicher Tourismus a Mëttelstand, a kritt d’Ressorte Wirtschaft an Energie dobäi.
De Max Hahn bleift Familljeminister a gëtt och fir den Accueil vu Flüchtlingen zoustänneg.
An de Claude Meisch soll fir weider fënnef Joer Educatiounsminister bleiwen a gläichzäiteg neie Logementsminister ginn.