De Bau wier an enger vun de schlëmmste Krisen, déi et je am Secteur gouf. Déi nächst Regierung misst endlech d‘Barrièren ophiewen, déi bis elo eng Dynamiséierung am Bau gebremst hunn. Dat heescht ënner anerem, datt de Privatsecteur méi agebonne gëtt. D‘Logementskris géif déi Lëtzebuerger Wirtschaft belaaschten an de Lëtzebuerger Modell a Gefor bréngen. Wann de Grand-Duché d‘Talenter wéilt heihalen, da misst ganz séier eng Léisung fir de Problem fonnt ginn, sou d‘FEDIL.
D‘Industriellefederatioun veruerteelt dann och de rezente Streik bei der Cargolux. Dee Streik géif net nëmme Spueren am Fluch-Secteur hannerloossen, mee géif d‘Credibilitéit vu Lëtzebuerg an den Image vum héichgeluefte Sozialfridden op d‘Spill setzen.