Radioen

On air

Tockcity  |  Owespanorama

play_arrow Live
search

/ Situatioun no den Onroue berouegt sech

Neikaledonien

Situatioun no den Onroue berouegt sech

An Neikaledonien hätt sech d‘Situatioun vun den Onrouen berouegt, dat huet den Héije Kommissär vum franséischen Iwwerséigebitt confirméiert.

auto_stories

1 min

Den Elysée huet Zaldote mobiliséiert fir ëffentlech Gebaier ze schützen. Australien an Neiséiland hu Flich annoncéiert, fir hir Landesleit ze evakuéieren.  

Dat no de schwéieren Onroue vun der leschter Woch wéinst enger Reform vum Walrecht, déi vun de Separatiste kontestéiert gëtt. Op d‘mannst 6 Leit koumen dobäi ëm d‘Liewen.