Global gesinn hätt sech d’Situatioun am Bausecteur liicht verbessert. Dat seet de Paul Nathan am 100,7-Interview. Hien ass Direkter vun der Bauentreprise Poeckes a Vizepresident vun der Handwierkerkammer.
Trotz virsiichtegem Optimismus: Onsécherheetsfacteure bleiwe bestoen
D’Krisejoren 2023 bis 2025 waren eng “Talfahrt”, betount de Paul Nathan. Zënter dësem Joer géing een awer mierken, datt nees méi Ufroen an Opträg bei den Entreprisen ukommen. D’Aarbecht am Secteur géing also nees usprangen, mee et bleift ee virsiichteg.
“Trotz gudden Unzeeche wat d’Konjunktur ugeet si mir nach wäit ewech vun engem Niveau vu virun der Kris, virum Krich an der Ukrain.”
Dobäi kënnt den Impakt vun der Energiekris. Allgemeng géingen déi international Konflikter sech negativ op d’Branche auswierken. Onsécherheeten a Präishaussë bei der Energie a beim Material sinn d’Konsequenzen.
D’Inflatioun deet dem Bausecteur natierlech och net gutt. Net ze vergiesse sinn dem Paul Nathan no och d’Interête vun de Banken.
“Bauen ass kapitalintensiv an Zënse friesse Baukäschten.”
Vill Entreprisë komme geschwächt aus der Kris
De wirtschaftlechen Drock op d’Entreprisë bleift also héich. Mat neie Faillitte misst een trotzdeem net rechnen. Op d’mannst den an deem Ausmooss wéi tëschent 2023 an 2025 nach.
Deemools sinn duerch Faillitte 4.900 Aarbechtsplazen am Secteur verluer gaang. Dat si bal 9 Prozent vum gesamten Effektiv.
De Vizepresident vun der Handwierkerkammer seet, datt d’Entreprisë bis zu 5 Joer Kris an de Knachen hunn. Déi lescht Joren hu vill Firmae mat Iwwerkapazitéit virugeschafft, well se hir Leit hale wollten. Dofir hu si hir Präisser erofgesat an dat nees iwwer Margen oder Liquiditéitsreserven opgefaang.
D’Resultat ass, datt d’Entreprisen zwar duerch d’Kris komm sinn, dofir elo awer geschwächt do stinn.
Main d'oeuvre op Lëtzebuerg kréien ass "e risegen Defi"
Dobäi kënnt, datt an den nächste Joren nach weider Leit fortfale wäerten. De Paul Nathan erkläert, datt am Bausecteur tëschent 18.000 an 20.000 Leit an den nächste 5 bis 10 Joer an d’Pensioun wäerte goen.
Insgesamt schaffen aktuell ronn 55.000 Leit am Secteur.
Op der anerer Säit kommen awer net genuch jonk Leit no. Dat léich um demografesche Wandel, esou de Paul Nathan.
D’Situatioun am Bau zu Lëtzebuerg zeechent sech bekannterweis duerch zwou Partikularitéiten aus. Op der enger Säit ass d’Ofhängegkeet vun der auslännescher Main d’oeuvre. Fir déi awer an d’Land ze zéie brauch et och Logement.
“Dat ass e risegen Defi fir de Secteur.”
D’Hänn, déi d’Wunnenge solle bauen, déi feelen.
"Queesch duerch de Gaart" feele Leit am Handwierk
Dofir missten elo Aktioune gestart gi fir Talenter op Lëtzebuerg ze zéien. Et géingen och scho vill Aktioune ginn, seet de Paul Nathan, a verweist op Ausbildungsprogrammer.
“Am Handwierk gëtt eng Karriär gebueden, déi an anere Secteuren net esou méiglech ass.”
Am Handwierk géing eng Karriär normalerweis net stagnéieren, mengt de Vizepresident vun der Handwierkerkammer. Mam Staat, de Centre-de-compétencen an der Chambre des métiers hätt een och verlässleg Partner an Ausbildungsprogrammer.
Stand elo gëtt allerdéngs nach “queesch duerch de Gaart” Nowuess am Handwierk gebraucht, seet de Paul Nathan.
1.000 Wunnenge gi pro Joer gebaut – 6.500 ginn der gebraucht
Déi zweet Partikularitéit ass d’Situatioun am Logement. Aktuell ass de Secteur staark op de Staat als dreiwend Kraaft am Wunnengsbau ugewisen. Keng nohalteg Léisung, weess och de Paul Nathan.
“De Staat ass Deel vun der Léisung, mee net d’Léisung u sech.”
Laut STATEC ginn 6.500 nei Wunnenge pro Joer gebraucht. Aktuell ginn der awer just 1.000 pro Joer gebaut. All Joer, wou een also net un déi 6.500 rukënnt, gëtt de Problem exponentiell méi grouss.
Ronn 4 Milliarden Euro bréicht ee pro Joer, fir dat ze stemmen. Vun där Zomm ass ee wäit fort. Aktuell gëtt just ronn een Aachtel dovun an de Logement gepompelt.
"Booster" ass e Schratt an déi richteg Richtung
Hoffnung mécht dem Secteur awer de “Booster”, deen d’Regierung virum Congé collectif presentéiert huet. Dat sinn eng Rei Mesuren an Incentivs, déi de privaten Investissement an de Steen nees sollen ukuerbelen.
“Mir appreciéieren, wat gemaach ginn ass. (...) Elo ass u verschiddenen Detailer nach ze schrauwen. Dat maache mir an enger zweeter Etapp. (...) Mee et ass op d’mannst e Schratt an déi richteg Richtung.”
Et géing dem Staat schliisslech méi deier kaschten, elo näischt ze maachen, wéi an esou Mesuren ze investéieren, mengt nach de Paul Nathan. Kee Wuesstem géing nämlech der Attraktivitéit vum Land schueden an domat géingen och d’Recettë falen.