Déi jonk Fra war an e Bësch lafe gaang a koum net méi zréck. D‘Sich huet sech op eng Zone vum 100 Quadratkilometer an engem Bësch konzentréiert. Grouss Moyene goufe mobiliséiert – dorënner en Helikopter mat enger thermescher Kamera an Taucher, déi an engem Floss gesicht hunn. Et feelt awer weider all Spuer vun där Vermësster.