Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
search

/ Sich no fréigebuerenem Puppelchen: Spuer féiert op Charleroi

Franséisch Police

Sich no fréigebuerenem Puppelchen: Spuer féiert op Charleroi

Bei der Sich nom fréigebuerene Puppelchen, deen an enger Maternité bei Paräis entfouert gouf, ass elo den Auto vun den Elteren zu Charleroi an der Belsch fonnt ginn. Dat mellt d‘Police ouni weider Detailer ze nennen.

auto_stories

1 min

Police Frankräich  | © picture alliance/dpa | Philipp von Ditfurth
Foto: picture alliance/dpa | Philipp von Ditfurth

Weder de belschen, nach de franséische Parquet hunn d‘Meldung bis elo kommentéiert.

D‘Eltere sinn der Police scho bekannt gewiescht. Si gi verdächtegt, hire 17 Deeg ale Puppelchen entfouert ze hunn. D‘Kand wier an akuter Liewensgefor, esou d‘Police. Vun den Elteren an dem Kand feelt weiderhin all Spuer.