Radioen

On air

De Moien  |  Wat ass e Burnout parental a wéi kann engem gehollef ginn?

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Shutdown konnt a leschter Minutt verhënnert ginn

USA

Shutdown konnt a leschter Minutt verhënnert ginn

A leschte Minutte gouf et dann awer en Accord. D‘USA komme laanscht de Shutdown deen an der Luucht houng. E puer Stonne virun der Deadline gouf de Kongress sech iwwer e Budgets-Kompromëss eens, mat deem kee wierklech glécklech ass.

auto_stories

1 min

USA Washington Kapitol | © Bigstock / rarrarorro
Foto: Bigstock / rarrarorro

Et ass elo emol en Iwwergangsbudget dee steet, de Präis fir den Accord bezilt d‘Ukrain. An deem Budget ass nämlech keng weider Ënnerstëtzung fir d‘Land virgesinn. Den US-President Joe Biden huet bei der Ënnerschrëft vum Gesetz gesot, et dierft een ënnert kengen Ëmstänn zouloossen, datt déi amerikanesch Ënnerstëtzung fir d‘Ukrain ënnerbrach gëtt.

Dësen Iwwergangsbudget léist de Parteien nëmmen eng kuerz Otempaus. E leeft bis Mëtt November, a bis dohinner muss ee sech och iwwer den normale Budget eens ginn. Ouni den Accord vun hënt wieren d‘Beamte mee och d‘Member vun der Arméi an den USA vun haut un, a bis op Weideres net méi bezuelt ginn.