Radioen

On air

Notturno  |  Corbi, Godié, Kalo De 78, Gospel Emcee, Fizé, Valkilla & T The Boss - Hamilius

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Service PAMO: Hëllef fir Kanner an hir Famillen

Kannerschlass

Service PAMO: Hëllef fir Kanner an hir Famillen

PAMO steet fir "Projet d’Action en Milieu ouvert” an ass ee Service vum Kannerschlass, dee Kanner, Jugendlecher an hir Famillje betreit. Mat wéi enge Probleemer ass de Service am Alldag konfrontéiert?

auto_stories

2 min

headphones

24 min

play_arrow

Um Ursprong vum Service stoung de Gedanken, datt een Eltere sollt hëllefen, amplaz se ze bestrofen andeems een hinnen d'Kanner ewech hëlt, seet d'Chargée de Direction vum PAMO, d'Valerie Scuto-Franck. De Placement vun de Kanner wier, ausser an Ausnamen, keng gutt Alternativ. An hirer deeglecher Aarbecht géif de Service dofir probéiere fir de Kanner op verschiddenen Niveauen ze hëllefen, zum Beispill bei Probleemer an der Famill oder am Frëndeskreess.

De Service gëtt et zënter 30 Joer an haut schaffen aacht Mataarbechter, Educateuren an Assistants sociauxe fir de PAMO.

Ee vun den Haaptprobleemer am Alldag wieren dobäi Probleemer an der Schoul. Dacks géif d'Kand duerch en aggressiivt Verhalen opfälleg ginn, oder andeems et de Clown spillt. Dacks wieren och Scheedungen um Ursprong vu Probleemer bei de Kanner, sou d'Valerie Scuto-Franck.

"Et kann ee verstoen, datt d'Elteren, oder d'Enseignanten, oder aner Instanze ronderëm d'Kand soen: 'Ech hunn es sat, oder ech wëll net méi, ech kann net méi. Do muss eppes geschéien.' Mee, kee Kand steet moies op a seet sech 'ech wëll mer dee ganzen Dag verbauen an ech wëll rejetéiert ginn.' A keng Eltere sti moies op a soen 'Ech wëll alles falsch maachen an ech wëll, datt aus mengem Kand näischt gëtt.' A wa mir vun där Iddi fort kommen, ass et vläicht méiglech ze kucken, wat ee ka maache fir där Famill ze hëllefen."

Fir d'Aarbecht vum PAMO an anere Servicer wier et iwwerdeems wichteg, datt een neit Jugendschutzgesetz géif agefouert ginn, fir Onkloerheeten ze behiewen, déi et haut nach gëtt, sou d'Valerie Scuto-Franck.

Lauschterenplay_arrow