arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Serbesche President zeréckgetrueden - Aleksandar Vučić wëllt Regierungschef ginn

Balkan

|
reading time

1 min

Serbesche President zeréckgetrueden - Aleksandar Vučić wëllt Regierungschef ginn

De serbesche President Aleksandar Vučić ass wéi erwaart zeréckgetrueden. Domat wëllt hie vum Presidentenamt an dat vum Premier wiesselen.

reading time

1 min

© EPA/DIMITRIJE GOLL / SERBIAN PRESIDENCY
(Foto: EPA/DIMITRIJE GOLL / SERBIAN PRESIDENCY)

Den Aleksandar Vučić plangt, fir de Poste vum Regierungschef bei de virgezunnen Neiwalen de 25. Oktober ze kandidéieren.

A Serbie gëtt et reegelméisseg Protester nodeems viru knapp zwee Joer den Daach vun enger Gare Novi Sad zesumme gefall war. 16 Leit waren dobäi ëm d‘Liewe komm. Virun allem Studente protestéiere géint d’Regierung a géint Korruptioun am Land.