arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Selenskyj extra op Davos geflunn: Gespréich mam Trump iwwer Enn vum Krich

International

|
headphones

1 min

Selenskyj extra op Davos geflunn: Gespréich mam Trump iwwer Enn vum Krich

Den US-President Donald Trump an den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj hu sech an der Mëttesstonn zu Davos, um Bord vum Weltwirtschaftsforum getraff. Wéi ukrainesch Medie mellen, géife si zesummesetzen, fir iwwer en Enn vum Krich an der Ukrain ze schwätzen.

headphones

1 min

Wolodymyr Selenskyj | ©  EPA/LAURENT GILLIERON
Wolodymyr Selenskyj (Foto: EPA/LAURENT GILLIERON)

Den Donald Trump hat dat Treffen um Mëttwoch a senger Ried zu Davos annoncéiert. De Wolodymyr Selenskyj, deen eigentlech net geplangt hat, zu Davos dobäi ze sinn, wier extra um Donneschdeg dowéinst dohinner komm.

Haut soll jo och den US-Spezialemissär Steve Witkoff op Moskau fléien, fir iwwer en Enn vum Krich an der Ukrain ze verhandelen. Dee soll um Donneschdegowend do vum russesche President Wladimir Putin empfaange ginn. Och dem Trump säin Eedem Jared Kushner soll dobäi sinn.

Zu Davos hat de Witkoff gesot, datt een der Ukrain kéint erlaben ouni Douanestaxen an d‘USA z‘exportéieren. Dat wier fir d‘Land en ekonomesche Gamechanger, sou de Witkoff. Gëschter wieren och bei de Gespréicher verschidde Problemer kéinte gekläert ginn, sou den amerikanesche Vermëttler, ouni Detailer ze nennen.