Radioen

On air

Spektrum  |  The Drin - Elude The Torch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wolodymyr Selenskij zu Washington erwaart

Ukrain

Wolodymyr Selenskij zu Washington erwaart

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskij gouf vum US President Joe Biden an d‘Wäisst Haus invitéiert. De Selenskij gëtt muer zu Washington erwaart fir seng zweet Visitt do zanter dem Ufank vum russeschen Agressiounskrich géint d‘Ukrain. 

auto_stories

1 min

©  picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine
Foto: picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine

Den Joe Biden wéilt dem Wolodymyr Selenskij bei senger Visitt versécheren, datt d‘USA d‘Ukrain weider voll ënnerstëtzen. Déi dofir néideg Suen, e Pak vu 60 Milliarden Dollar, ginn den Ament awer am Kongress vun de Republikaner blockéiert. 

D‘Ënnerstëtzung vun der Ukrain ass och ee vun den Haaptthemen um EU Sommet en Donneschdeg a Freideg zu Bréissel. D‘EU Staats- a Regierungscheffe sollen do gréng Luucht gi fir d‘Ouverture vun EU-Bäitrëttsgespréicher mat der Ukrain. Ungarn ass awer dogéint. Gëschter huet de Wolodymyr Selenskij doriwwer mam ungaresche Premier Viktor Organ geschwat. Et wier en oppent Gespréich gewiescht, sou den ukrainesche President. Ob Ungarn Bäitrëttsgespréicher mat der Ukrain weider blockéiert ass onkloer.