Radioen

On air

Spektrum  |  The Drin - Elude The Torch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sechsten Dag vun der Wafferou - G7 fuerdert Fräiloossung vun alle Geiselen

Noen Osten

Sechsten Dag vun der Wafferou - G7 fuerdert Fräiloossung vun alle Geiselen

Am Noen Osten ass haut de sechsten Dag vun der Waffepaus tëscht Israel an der Hamas. Gëscht gouf nach emol zwielef Geisele vun der Hamas an 30 palestinensesch Prisonéier vun Israel fräigelooss. Haut solle weider Geiselen a Prisonéier fräikommen. Wéi vill ass nach onkloer.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Stringer
Eng Vertriederin vum Roude Kräiz waart zu Rafah drop, datt d'Hamas Geisele fräiléisst. (Foto: picture alliance/dpa | Stringer)

Wärend der Waffepaus goufe bis elo am Ganzen 81 Geiselen – alle guer Fraen a Kanner – an 180 palestinensesch Prisonéier fräigelooss.

Déi aktuell Waffepaus leeft am Prinzip muer de Moien um 5 Auer aus. Iwwert eng eventuell weider Verlängerung vun der Waffepaus géif verhandelt ginn, esou e Spriecher vum Haapt-Mediateur Katar.

D‘Waffepaus gouf och genotzt fir der palestinensescher Zivilpopulatioun an der Gazasträif weider humanitär Hëllef ze bréngen.

De G7-Grupp vun de räichste Länner fuerdert d‘Fräiloossung vun alle Geiselen an der Gazasträif, a eng weider Verlängerung vun der Waffepaus, heescht et an enger gemeinsamer Deklaratioun, déi den amerikaneschen Ausseministère verëffentlech huet. Doriwwer eraus betounen d‘G7-Länner op en Neits, datt Israel ee Recht hätt, sech géint terroristesch Attacke wéi déi vum 7. Oktober ze verdeedegen.