search

/ Sechs Mannjäreger kommen op Schrasseg nodeems si ee Jong brutal zerschloen hunn

Parquet deelt mat

|
reading time

1 min

Sechs Mannjäreger kommen op Schrasseg nodeems si ee Jong brutal zerschloen hunn

Sechs Mannerjäreger tëscht 13 a 17 Joer koumen an den Erwuesseneprisong op Schraasseg. Dat nodeems si d‘leschten Donneschdeg ee Jong* vu 14 Joer brutal am Park Kaltreis zu Bouneweg zerschloen haten. Dat mellt de Parquet an engem Communiqué.

reading time

1 min

Déi sechs Mannerjäreger wieren op Schraasseg komm, well an der Struktur fir Mannerjäreger zu Dräibuer keng Plaz méi ass.

Mat Féiss a Fäischt zerschlo

A sengem Schreiwes schwätzt de Parquet vu besonnesch schlëmmer Gewalt.

Déi sechs Mannerjäreg wieren am Grupp op de Jong duergaangen an hätten him seng Jackett geklaut. Duerno hätte si de d'Affer op de Buedem geheit an et mat de Fäischt a Féiss zerschloen. D'Affer wier ënner anerem um Kapp getraff ginn.

Wéi schlëmm de Jong dobäi eventuell blesséiert gouf, gëtt am Schreiwes vum Parquet net preziséiert. 

D'Dot gouf op Video festgehalen

D‘Täter hätten hir Attack op de Jong och nach gefilmt, eventuell fir sech domat ze bretzen, esou de Parquet a sengem Schreiwes. D'Filmer wiere bei Perquisitioune bei de 6 Mannerjäregen Doheem saiséiert ginn. 

Wéinst der Gravitéit vun de Faiten ass d‘Enquête un d‘Police judiciaire weider geleet ginn. Déi sechs Mannerjäreg si, wéi gesot, am Prisong zu Schraasseg a géifen deemnächst vum Jugendriichter en Charge geholl ginn. 

*An enger éischter Versioun vun dësem Artikel stoung, datt d'Affer ee Meedche gewiescht wier. Dës Informatioun war falsch a gouf verbessert.