Grond wieren d‘Fiichtegkeet an de Chlor an der Schwämm. Éischten Erkenntnisser vun den Experten no, wier eng Schrauf, déi zwar extra fir eng Schwämm geduecht war, lassgaangen.
Et géif awer kee Problem mam falsche Plaffong oder mat der Ventilatioun. Et leeft eng technesch Enquête fir déi genee Hannergrënn erauszefannen. Et wier kee blesséiert ginn.