Zwee Linnebussen sinn op enger Kräizung anenee gerannt. Et wieren iwwer 30 Mënsche blesséiert ginn, dorënner och eng Spillschoulsklass. Si wieren alleguer an d'Spidol bruecht ginn. D'Ausmooss vun de Verletzungen wier awer nach net bekannt, sou d'Police op der Plaz.
D'Police geet vu ronn 40 Bedeelegten a 25 Blesséierter aus. D‘Rettungsservicer wieren nach ëmmer op der Plaz.
Groussasaz fir d'Rettungsdéngschter
De saarländischer Rundfunk schreift souwuel de saarbréckener Buergermeeschter Uwe Conradt (CDU) wéi och de saarlänneschen Inneminister Reinhold Jost (SPD) wieren op der Plaz gewiescht.
Iwwerdeems wier et e Groussasaz fir d'Rettungsdéngschter gewiescht. Den SR schwätzt vu ronn 20 Ambulanzen, 15 Policeautoen an e Rettungshelikopter.
Et hätt wuel ee vun de Busse wéilte lénks bei de Saarbazar ofbéien an deen entgéintkommende Bus wollt wuel riicht aus weider fueren, sou den sr.de-Artikel.