arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schwäizer Waffen a Krichsmaterial: Lëtzebuerg ënner den Haaptclienten

Rüstung

|
headphones

1 min

Schwäizer Waffen a Krichsmaterial: Lëtzebuerg ënner den Haaptclienten

D'Schwäiz huet 2025 däitlech méi Waffen exportéiert wéi an den zwee Joer virdrun. De Grand-Duché war ënner den Haaptclienten.

headphones

1 min

© picture alliance / imageBROKER | Mats Silvan
(Foto: picture alliance / imageBROKER | Mats Silvan)

Trotz Restriktioune wéinst hirer Neutralitéit huet d‘Schwäiz d‘lescht Joer Waffen a Krichsmaterial am Wäert vun 948 Millioune Schwäizer Frang exportéiert - ronn 1 Milliard Euro.

Dat war eng Hausse vun 43 Prozent am Verglach zum Joer virdrun, esou dat Schwäizer Staatsekretariat fir Wirtschaft.

Däitschland gréisste Client - Lëtzebuerg bei den Haaptclienten

Bäi Wäitem dee gréissten Deel vun de Schwäizer Waffenexporter goung un Däitschland, mat ronn 386 Millioune Schwäizer Frang.

Déi aner Haaptclientë waren d‘USA, Ungarn, Italien a Lëtzebuerg.

Der Agence France Presse no huet Lëtzebuerg zejoert Waffen a Krichsmaterial vun der Schwäiz am Wäert vu 47,4 Millioune Schwäizer Frang kaaft - also ronn 53 Milliounen Euro.