D'Organisateuren hunn eleng zu Paräis 100.000 Demonstrante gezielt, d'Autoritéite soen et wieren der 56.000 gewiescht.
Der Préfecture vu Paräis no waren an der Haaptstad eng 300 “feindlech gesënnte Persounen” ënnerwee, déi fir Onrou an och zum Deel Zerstéierung gesuergt hunn.
Gréisstendeels friddlech
An hirer grousser Majoritéit sinn d'Protester vu Lycéesschüler, Studenten, Gewerkschaftler an Elteren awer friddlech bliwwen. Si sinn op engem Dag geschitt, op deem bal 900 vun den am Ganzen 3.700 Lycéeën a Frankräich zou bloufen. D'Revendicatioune vun de Schülerinnen a Schüler, de Mëtten, um Ufank vun de Protester, ware kloer: Méi Moyene fir Educatioun.
Am Virfeld vun de Presidentschaftswalen d'nächst Joer waren och vill Politiker an de Cortègen dobäi, besonnesch zu Paräis.
Parallell dozou huet de Premier Sébastien Lecornu an der Assemblée nationale op Froe vun den Deputéierte geäntwert. Fir de franséische Regierungschef wär d'Justiz gefuerdert; selwer huet sech de Sébastien Lecornu virun d'Poliziste gestallt an an der Haaptsaach d'lénk Oppositiounspartei “La France Insoumise” kritiséiert. Iwwerdeems den Educatiounsminister Edouard Geffray nach bäigefléckt huet, dass 24 Lycéesgebaier a Frankräich verwüüst oder a Brand gesat goufen.
Och déi Lénk solidaresch mat de Schüler
Zu Lëtzebuerg hu sech no der Studentenunioun UNEL an der OGJ, der Jugendorganisatioun vum OGBL, och déi Lénk solidaresch erkläert mat de franséische Schüler:innen an hire Fuerderungen. Am Schreiwes vun déi Lénk geet vu massivem Asaz vu Repressioun a Gewalt vu Säite vum Staat Rieds.