arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schülerprotester: Franséisch Regierung lancéiert Onlineplattform

Frankräich

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Schülerprotester: Franséisch Regierung lancéiert Onlineplattform

Am Kader vun de Schülerprotester a Frankräich gouf et um Dënschdeg, um sougenannten nationalen Dag dovun, landeswäit Aktiounen an de Lycéeën.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Paule Rodesch
(Foto: Paule Rodesch)

Zu dëse Protester koum et mol keng 24 Stonnen no engem uergen Tëschefall zu Lens: Do hat jo um Méindeg e 15 Joer ale Schüler eng Hand ewechgerappt kritt, wéi hien eng Granat opgehuewen hat, déi CRSe gehäit haten. Eppes méi roueg sinn d'Protester de Moien zu Metz verlaf, an d'Politik zu Paräis huet och reagéiert.

Nei Onlineplattform ugekënnegt

De franséischen Educatiounsminister Edouard Geffray huet nämlech de Moien op France Info d'Annonce gemaach, vun enger Onlineplattform mat Doléancen, déi elo lancéiert gëtt:

“Une plateforme sur laquelle chaque lycéen va pouvoir poster sa contribution pour dire ses difficultés et ses attentes”

Déi Plattform soll bis den 23. Oktober bestoe bleiwen, ier et zu enger Analys vun de Bäiträg kënnt an zum Ausschaffe vun engem Aktiounsplang. Woubäi ze kucke bleift, ob dat de Schüler séier genuch geet, well de Schung dréckt elo.

Zu Metz sinn de Moien Schüler vum Lycée Fabert op d'Strooss gaangen

Si si rosen an onzefridden, ë.a. mam Ministère, dee landeswäit iwwer 1.500 Enseignantsplazen ofgebaut an domat, Zitat, “näischt verstanen” hätt. Dofir misste si, d'Schüler, hir Rechter revendiquéieren:

“On est en colère parce qu'on manque de moyens dans le lycée, on manque de personnel. 8h à 18h, c'est beaucoup pour des étudiants comme nous. (...) On devrait avoir plein d'activités extrascolaires. Par exemple au Luxembourg, les cours s'arrêtent beaucoup plus tôt alors qu'on est ceux qui ont un système des plus durs. Mais je pense que si on continue à revendiquer nos droits et que ça ne s'arrête pas au bout d'une semaine, je pense qu'on va pouvoir avoir ce qu'on veut.”

D'Schüler sinn allerdéngs och net d'Accord mat de Casseuren, déi bei de Protester matmaachen, an net mam Virgoe vun der Police.

Tréinegas a Gummiskugele wäre keng adaptéiert Äntwert, ma éischter eng repressiv a gewaltsam. Dogéint huet den Inneminister Laurent Nunez de Moien op France Inter genee den Asaz vun esou Munitioun justifizéiert, nieft deem vu Granaten.

play_arrow Lauschteren