2030 sollen d'Bauaarbechten un der 175 km laanger Zuchstreck tëschent Lëtzebuerg a Bréissel ofgeschloss sinn.
D‘Aarbechte lafe schonn zënter Joren. Fir d‘Streck brauch een den Ament ëm déi 3 Stonnen, däitlech méi also wéi mam Auto. Mat der Moderniséierung soll déi Fuerzäit op eppes iwwer zwou Stonne reduzéiert ginn.
De Benoît Gilson, aktuellen CEO von Infrabel, dem Bedreiwer vum belsche Schinnennetz géif domat ee vun den eelsten "Geeschterprojeten" an der Geschicht vun der belscher Eisebunn op en Enn bréngen. Dat schreift déi belsch Zeitung Le Soir.