Radioen

On air

De Moien  |  Ee vu véier EU-Deputéiert verdéngt niewelaanscht Suen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schlechte Schüler: Transkript vun der Episod 1

Podcast

Schlechte Schüler: Transkript vun der Episod 1

Am éischten Deel vun eiser Podcast-Serie iwwer de Lëtzebuerger Schoulsystem geet et ëm d'Fro: Firwat scheitere vill Kanner schonn esou fréi an hirem Schoulparcours? Hei kënnt Dir den integralen Transkript vun der Episod "Op den Ufank kënnt et un" noliesen.

auto_stories

24 min

Estrela Je suis pas intelligente.

Pia Oppel Huh!

Estrela C'est vrai.

Pia Oppel Dat ass d'Estrela. Hatt huet aacht Joer a geet an d'zweet Schouljoer. An deen erféierten "huh", deen Dir do vläicht grad héieren hutt, dat sinn ech.

Mäin Numm ass Pia Oppel. Ech si Journalistin beim radio 100,7. An ech verzielen Iech an dësem Podcast d'Geschicht vun engem schlechte Schüler. Gemengt ass net d'Estrela, mee eise Schoulsystem, deen an internationale Vergläicher schlecht ofschneit. Ee Schoulsystem, an deem vill Kanner scho fréi scheiteren a wéi d'Estrela net méi richteg u sech gleewen.

Firwat geléngt et eis net fir dorunner eppes ze änneren? Obwuel dat eigentlech a jidderengem sengem Interessi misst sinn? Dat wëll ech an dësem Podcast erausfannen. D'Saach ass: Et feelt net u Versich fir de Schoulsystem méi gerecht ze maachen. An heiansdo beweegt sech souguer eppes an déi richteg Richtung. Am Groussen oder och am ganz Klengen. Och dovunner wëll ech Iech verzielen. Mee eent nom aneren: Wat leeft dann eigentlech schif, wann ee Kand vun aacht Joer zur Conclusioun kënnt, et wier net intelligent?

Schlechte Schüler, ee Podcast vum radio 100,7. Episod 1 - Op den Ufank kënnt et un.

D'Estrela huet Schwieregkeete seng Mathés-Hausaufgaben ze verstoen, well se op Däitsch sinn. Et hëllefen him: Seng Mamm Isabelle, seng Boma Tereasa a Google Translate.

Estrela Wie lange dauert es?

Isabelle Ça veut dire quoi?

Estrela Euuuhhh.

Teresa A que horas?

Estrela A que horas? Deve ser horas. Não sei.

Isabelle Je vais chercher mon téléphone.

Estrela Aaah, téléphone, téléphone.

Pia Oppel Dem Estrela seng Mamm schafft als Aide-Soignante an engem Spidol. D'Isabelle wunnt mat hiren zwou Duechteren am Garer Quartier an der Stad. Si ass zu Lëtzebuerg gebuer, mee a Portugal opgewuess. Do huet si an der Schoul Englesch geléiert an e bësse Franséisch. Viru fënnef Joer ass si zeréck op Lëtzebuerg komm.

Isabelle J'espérais que Estrella arrivait à apprendre bien à l'école et pas tout garder pour faire à la maison, surtout si c'est pas notre langue et on n'arrive pas à bien expliquer et la aider. C'est ça, je sais pas comment ils ont organisé le système.

Pia Oppel Vous vous sentez comment?

Isabelle Je me sens des fois un peu frustrée, parce que je veux qu'elle apprend bien. Et on travaille bien et après avec les commentaires je pense que à l'école ils pensent qu'on ne travaille pas. Et on travaille. Je me sens triste parce que j'aimerais bien de pouvoir la aider des fois un peu plus.

Estrela Eu vou ficar no dois, em lugar do três.

Isabelle Vais ficar no dois? Elle dit, 'je vais rester en deuxième'. Não, porquê fofinha?

Estrela Je suis pas intelligente.

Pia Oppel Huh!

Estrela C'est vrai.

Isabelle Não é não.

Estrela Regarde ça.

Isabelle Não, isto é bom.

Teresa Elle déprime vraiment. Quand elle sait qu'elle a un test, deux jours avant elle a déjà mal au ventre. Elle a peur de ne pas réussir. Et elle dit: pourvu que j'ai une meilleure note que la dernière. Vraiment ça lui travaille. Elle veut bien, mais bon.

[100,7-Noriichten-Jingle]

Simon Laroche De Moiespanorama elo mam Pierre Reyland

Pierre Reyland D'Ongläicheeten am Lëtzebuerger Schoulsystem gi weider an d'Luucht. Dat hunn d'Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg an hirem neiste Bildungsrapport festgestallt ...

Pia Oppel Dat ass de Pierre Reyland, wéi hien um 100,7 d'Noriichte presentéiert. Moies, um 13. Dezember 2021. Dir wäert de Pierre an dësem Podcast nach op anere Plaze begéinen, well hien huet un dëser Recherche matgeschafft.

Zeréck bei d'Meldung iwwer d'Inegalitéiten am Schoulsystem. Déi ass deemools komplett ënnergaangen. Fir méi Opreegung hunn d'Gewalt an den Asaz vum Waasserwerfer op de Maniffe géint d'Covid-Mesurë gesuergt.

A wierklech nei waren d'Conclusioune vum Bildungsbericht jo och net. "D'Ongläichheeten am Schoulsystem gi manner", dat wier Mol eng Nouvelle gewiescht. Méi am Aklang och mat deem, wat gären iwwer d'Schoul gesot gëtt.

Xavier Bettel D'Bildungspolitik huet als Aufgab, all Kand a Jonken et ze erméiglechen, dat Bescht aus sech erauszehuelen.

Pia Oppel Dat sot de Premier Xavier Bettel 2021 a senger Ried zur Lag vun der Natioun. 2018 sot hien dat hei.

Xavier Bettel D'Schoul ass net d'Plaz vun der Ideologie, mee vun der Fräiheet, vun der Eegestännegkeet a vun der Gerechtegkeet.

Pia Oppel An 2014 dat hei.

Xavier Bettel Eng gutt Educatiounspolitik ass laangfristeg eng Anti-Chômage a virun allem eng Anti-Jugendchômage-Politik.

Pia Oppel Et leeft also eppes schif, wann dacks schonn nom zweete Schouljoer kloer ass, wéi gutt oder schlecht de Schoulparcours vun engem Kand wäert verlafen. "Schoulparcoursen zu Lëtzebuerg si ganz fréi (vir)bestëmmt", steet am leschte Bildungsbericht. An et ass dee Saz, deen de Pierre a mech zu dëser Recherche beweegt huet.

Mir hunn eis méi Zäit geholl, wéi mir et als Noriichtejournalist:in soss éischter gewinnt sinn, wou et dacks ganz séier muss goen. Fir dëse Podcast hu mir vill Mënsche gefrot, fir eis een Abléck an hir Welt ze ginn.

A fir an enger Schoulklass och nëmmen eng Kannerstëmm kënnen opzehuelen, brauch een d'Erlabnis vum Ministère, der Gemeng, der Schoul, dem Enseignant an den Elteren. Och mat vill guddem Wëlle bei alle Bedeelegten, huet et e puer Méint gedauert, bis de Pierre an ech endlech mat eise Mikroen an enger Klass stoungen.

Eis Rees féiert op Plazen, wou et net gutt leeft. An där, wou sech grad eppes verännert. An da ginn et och déi Plazen, wou alles beim Ale bleiwe soll. An iwwerall begleet eis d'Fro: Wéi eescht ass dat Verspriechen da gemengt, datt all d'Kanner eng gerecht Chance an der Schoul solle kréien?

Den Ufank vun der Schoul ass zu Lëtzebuerg fir e Gros vun de Kanner mat dräi Joer am Precoce. Also ee Joer, éier et da mat der Spillschoul och d'Schoulflicht ufänkt. Am Precoce gëtt gespillt, gemoolt a vill gesongen.

Martine Gloden Sou, eent, zwee.

Martine Gloden a Kanner [sangen] "Hei kënnt ee klengen Zuch gefuer. Bimmlibimmlibimm ..."

Martine Gloden Mäin Numm ass Martine Gloden. Ech hunn 49 Joer an ech schaffen elo 24 Joer am Enseignement. U sech am Cycle 1, an der Spillschoul an och am Precoce.

Pia Oppel An der Martine Gloden hirer Klass si 14 Kanner, déi doheem aacht verschidde Sprooche schwätzen. Franséisch, Kapverdianesch, Arabesch, Litauesch, Russesch, Ukrainesch, Italieenesch, a Lëtzebuergesch.

Martine Gloden Bei eis konkret op der Gare ass et esou, datt mir maximal een, zwee Kanner an der Klass hunn, déi Lëtzebuergesch doheem schwätzen. An heiansdo hu mir och guer kee Kand, dat doheem Lëtzebuergesch schwätzt. Dat dauert da bësse méi laang, well a sech léieren d'Kanner och ganz vill vun deenen anere Kanner.

Pia Oppel Virun 19 Joer ass d'Martine Gloden vun enger Duerfschoul an d'Rue du Commerce op der Stater Gare gewiesselt. A si huet sech als éischt missen dru gewinnen, datt et elo hir Aufgab ass, fir de Kanner d'Ëmgankssprooch vum Lëtzebuerger Schoulsystem als éischt Mol nach musse bäizebréngen.

Martine Gloden Déi éischt puer Joren hunn ech dat effektiv och, datt een et esou ganz komesch fënnt an herno ass dat iergendwéi natierlech esou. Wat dat wierklech Allerwichtegst ass, dat ass, datt ee vill mat Geste mécht. An och, mir maache ganz vill mat Biller, Fotoen a Pictogrammen. Och esou Saachen, wéi zum Beispill den Dagesoflaf, wat mir am Dag maachen. Do hu mir och Fotoen opgehaangen. A wou mir dat och kënnen erklären, a wou si déi Wierder léieren.

Odile Spillen.

Martine Gloden Mir spillen. An dann?

Odile Raumen.

Martine Gloden Mir raumen.

Odile Krees.

Martine Gloden Mir maachen e Krees a mir kucken de Kalenner, jo.

Pia Oppel D'Kanner kënne sech all Woch een neit Buch aussichen, fir mat heem ze huelen. D'Martine Gloden huet hir kleng Klassebibliothéik un d'Sproochekenntnisser vun den Elteren ugepasst, fir datt déi d'Bicher doheem kënne virliesen.

Martine Gloden Wat hunn ech da lo hei fir een Duercherneen? Dat heescht déi lescht Joren hunn ech der méi op Englesch kaf. Wëlls Du dee léiwer? 'Tchoupi. Tchoupi va à la plage.' Ech kafe lo guer keng méi op Däitsch, dat hunn ech um Ufank gemaach, wéi ech um Duerf geschafft hunn [laacht].

Op jiddefall, wat ee muss soen zu de Sproochen. A sech fanne mir, datt et egal ass, wéi eng Sprooch d'Kanner doheem schwätzen. Wat wierklech wichteg ass, dat ass datt si hir Mammesprooch gutt kënnen. Well dann hu si eng gutt Basis an da kënne si eng nei Sprooch léieren.

Pia Oppel Wann d'Mammesprooch net sëtzt, seet d'Martine Gloden, hätt si dat zimmlech séier spatz. Wéi d'Kanner mat hiren Eltere schwätzen, wa si moies bruecht ginn, wier do schonn dacks ee gudden Indice. An da sicht si d'Gespréich mat den Elteren. Ee Problem kéint sinn, datt doheem net genuch mat de Kanner geschwat gëtt. Oder datt Elteren et gutt mengen a mat de Kanner eng vun de Schoulsprooche schwätzen, obwuel et net hir Mammesprooch ass.

Martine Gloden An dann hu mir gesot: Nee, nee, nee, schwätzt Är Sprooch, schwätzt net Franséisch mat hinnen. Dir musst Är Sprooch mam Kand schwätzen. Et ass Är Mammesprooch, an dat ass wichteg. An déi kënnt Dir perfekt, an dat léiert dann och d'Kand richteg.

Lamar Méinden, Donneschden, Freiden

Martine Gloden Nee, komm mir sangen nach eng Kéier. Méinden ...

Lamar Dënschden, Mëttwoch, Donneschden, Freiden, Samschden, Sonnden

Martine Gloden Ganz gutt.

Martine Gloden Et si vill Elteren, déi doheem kee Lëtzebuergesch schwätzen. An dann erziele si eis, jo mir wollten d'Kanner an eng Crèche schécken, wou si Lëtzebuergesch schwätzen, mee mir hunn awer keng fonnt. Besonnesch hei am Garer Quartier ginn et net vill lëtzebuergesch Crèchen. Déi meescht Crèchë si frankophone. Also fir Kanner, déi een Talent fir Sproochen hunn, ass dat och guer kee Problem. Mir hu lo esou ee Kand. Dat schwätzt doheem Arabesch. Et huet an der Crèche gutt Franséisch geléiert. An elo huet et och scho gutt Lëtzebuergesch geléiert. Dat heescht, et huet wierklech eng gutt Mammesprooch, eng zweet Sprooch a schonn eng drëtt Sprooch.

Pia Oppel Wëlls du och ee Lidd sangen?

Aboubakry Gudde Kleesschen, budde Kleesschen [onverständlech]

Martine Gloden Mee mir gesinn awer och bei anere Kanner, déi scho keng gutt Mammesprooch hunn, an dann hu sI an der Crèche iergendwéi Franséisch geléiert. Mee dann hu sI schonn d'Mammesprooch an dat Franséischt gemëscht. An da komme sI bei eis an d'Schoul an da kënnt nach dat Lëtzebuergescht dobäi, an dat ass dann am Ufank wierklech ganz schwiereg.

Martine Gloden Weess du wéi dat do heescht? Raup.

Omar Raup.

Martine Gloden Déi ganz vill ësst, an da gëtt se ëmmer méi déck.

Pia Oppel Den Austausch mat den Eltere ass fir d'Martine Gloden immens wichteg, an dat net just, fir datt d'Kanner gutt schwätze léieren.

Martine Gloden Eleng ass et ganz schwéier do wierklech eng positiv Entwécklung ze kréien. Heiansdo ass et wierklech schwiereg, well een den Eltere probéiert ze hëllefen. Mee ass et, datt d'Eltere mat hirem Liewen, si hunn esou vill ze dinn, esou vill Problemer. An datt si déi Saachen net ëmgesat kréien, also déi Saachen, déi mir hinne proposéieren. Mee et sinn natierlech och Elteren, do muss een och mierken, datt si effektiv schlecht Erfarunge mat der Schoul haten, Angscht virun der Schoul hunn, sech iergendwéi onwuel fillen, an datt dat och d'Kanner iergendwéi spieren.

Martine Gloden An dann ass et de Cocon. An da gëtt et herno?

Omar Päiperlek

Martine Gloden De Päiperlek. Gutt. Dee kenns de. An de Päiperlek ka fléien.

Pia Oppel Am Precoce an duerno an der Spillschoul sollen d'Kanner nieft dem Lëtzebuergeschen och nach mam Franséischen a Kontakt kommen. Mee net mam Däitschen. Wat erstaunlech ass, well d'Kanner duerno am éischte Schouljoer op Däitsch alphabetiséiert ginn. D'Lëtzebuergescht soll eng Bréck zum Däitschen sinn. Dem Bildungsbericht no klappt dat awer dacks net. Wat am Alldag vu ville Kanner an Enseignantë fir Frust suergt.

Isabelle van der Zande So, wir haben aber heute Deutsch. Also müssen wir auf Deutsch sprechen. Ich habe euch ein schönes Bild mitgebracht. Wo sind wir denn da?

Lauren Im Zoo

Isabelle Van der Zande Im Zoo. Woran erkennt man das?

Ech sinn d'Isabelle Van der Zande. Ech sinn den Ament Appuis-Joffer an der Michel-Welter-Schoul op der Gare.

Ja, da sind ganz viele Tiere im Zoo. Welche Tiere seht ihr denn? Roniya?

Roniya Euhm. Shard.

Isabelle Van der Zande Auf Luxemburgisch vielleicht?

Roniya Hm, weess ech net.

Isabelle Van der Zande Kommst du zeigen? Hier? Meinst Du das Aquarium? Ja, wer schwimmt denn im Aquarium?

Roniya Euhm. Ein Shard.

Isabelle Van der Zande Aaaahhhh, ein Hai. Wollts du 'shark' soen? Ja? Das ist ein Hai. Dein Wort 'shark' ist Englisch. Ja, da schwimt ein Hai.

Pia Oppel D'Roniya ass am zweete Schouljoer a mam Liesen deet hatt sech ganz schwéier. Mat véier anere Kanner ass hat bei der Isabelle Van der Zande am Appui, wärend déi aner Klassekomeroden de regulären Unterrecht suivéieren.

Isabelle Van der Zande OK, gesäis Du gutt? Dann hal deen u wannechgelifft. An da lies Du et eng Kéier, Roniya, an Du och. OK, da fänkt un.

Roniya Raus, Laus.

Mat meng all Famill schwätzen ech Persesch.

Pia Oppel D'Roniya ass aacht Joer al an zu Lëtzebuerg gebuer. Seng Mamm ass aus dem Iran a säi Papp aus Israel. Doheem gëtt Persesch geschwat. Tëlee a Youtube kuckt hatt op Englesch.

Roniya Ech kucken English an jo ... English

Roniya Faust, lau, mau

Isabelle Van der Zande Ech fokusséiere mech vill op de Rhythmus vun der Sprooch. Dat heescht, et geet net eleng ëm de Wortschatz. De Wortschatz gëtt souwisou am Cycle zwee ganz vill opgebaut. Dee si awer zimmlech séier kennen duerch d'Lëtzebuergesch. Dat heescht, wann natierlech keng Alldagswierder kommen, ass et schonn nees komplizéiert. Oder Saachen, mat deene si keng Erfarunge maachen, dann ass et ganz schwéier fir si. Dat heescht, du bleifs ganz laang bei deene Basissätz. Wat net nëmme fir d'Kanner heiansdo schwéierfälleg gëtt, mee och fir eis keng einfach Aufgab.

Gut, jetzt hatten wir neue Verben gelernt. Wir hatten unser neues Verbenblatt aus dem Wochenplan. Und da gibt es die Verben mit 'au'. Könnt ihr euch erinnern welche Verben das sind? Albin, welche Verben sind das denn?

Albin Au, wie Auto.

Isabelle Van der Zande Ja, die Verben. Nicht die Nomen. Guck mal, das sind die Nomen. Die Blauen. Aber ich spreche jetzt von den Roten.

Et war ebe bei eis fréier d'selwecht am Franséischen. Mir hunn dann an der Klass d'Reegele geléiert. Mir hunn d'Rechtsschreiwung geléiert, d'Grammatik. A fir de Recht hu mir d'Sprooch net wierklech benotzt. De Schoulmeeschter huet da vläicht nach Franséisch geschwat, an dann hu just déi Kanner geschwat, déi sech och wuel gefillt hunn an där Sprooch. An ech hu mech eigentlech ni gemellt, well ech mech net wuel gefillt hunn. An esou ass dat eben och hautzedaags mat ville Kanner mam Däitschen.

Pia Oppel De Problem ass: Wien d'Däitscht net gutt versteet, huet et och an der Mathé an den Niewefächer schwéier, well déi och op Däitsch ënnerriicht ginn. A vill Geleeënheet dës Sprooch baussent der Schoul ze üben, hunn der Isabelle Van der Zande hir Schülerinnen a Schüler net. Och am Unterrecht mëscht sech dacks d'Lëtzebuergescht ënner d'Däitscht.

Isabelle Van der Zande Sou Kanner, hutt Dir nach klauen fäerdeg geschriwwen?

William* Jo ... ich kaufe eine Melone.

Lauren Nein, ein Banane.

Isabelle Van der Zande Eine Banane. Passt op op Är Endungen. Wéi seet een? Cathy kauft ...

Meeschtens ass et esou, wa si da schoulesch Problemer hunn, datt eben och doheem net vill gemaach gëtt. An déi Kanner, déi wierklech staark sinn, déi hunn dann all d'Hausaufgaben an üben alles. Mir sinn awer net d'Elteren, et ass hiert Kand. A wa si wëllen, datt hiert Kand eng Kéier eppes erreecht, musse si selwer awer och wëllen, a si mussen eppes maachen. Mee dat musse mir akzeptéieren, datt dat eben heiansdo esou ass.

A mir schaffen eben hei an engem Milieu, et ass immens gemëscht an domadder muss een einfach liewen. Also do kënne mir net vill maachen. An da musse mir si einfach an der Schoul opfänken an upassen, an da leeft et eben heiansdo op en Allongement eraus. Mee da muss een dat och esou hinhuelen.

Pia Oppel All Mëtteg, no menger Zäit mat de Garer Schoulkanner, lauschteren ech meng Opname vum Dag a meng Gedanken halen net op mat dréien. An der Schoul treffen Erwaardungen openeen, déi ee kaum ënner een Hutt ka kréien, ass mäin Androck. D'Erwaardunge vun den Elteren.

Isabelle J'espérais que Estrella arrivait à apprendre bien à l'école et pas tout garder pour faire à la maison.

Pia Oppel Vu Politiker.

Xavier Bettel D'Bildungspolitik huet als Aufgab, all Kand a Jonken et ze erméiglechen, dat Bescht aus sech erauszehuelen.

Pia Oppel A vun den Enseignanten.

Martine Gloden Eleng ass et ganz schwéier, do wierklech eng positiv Entwécklung hinzekréien.

Pia Oppel De Schoulsuccès vun de Kanner hänkt zu Lëtzebuerg effektiv ganz staark dovunner of, aus wéi engem Elterenhaus si kommen. Dat confirméiert d'Fuerschung. Mee si seet awer och: Dat muss net esou sinn. Well a ville Länner kritt d'Schoul Inegalitéite besser opgefaangen. An et gi Fuerscher, déi sinn iwwerzeegt: Mir kéinten dat och hei besser hikréien.

Tun Fischbach Mäin Numm ass Tun Fischbach. Ech si Bildungsfuerscher op der Uni Lëtzebuerg.

Pia Oppel Säin Interessi fir Entwécklungspsychologie kann een dem Tun Fischbach u sengen Äerm ofgesinn. Hien huet sech déi éischt Männercher, déi säi Fils konnt molen an déi iwwer d'Jore méi detailgetrei gi sinn, op d'Ënneräerm tätowéiere gelooss. Hie seet, dat wier fir sech ëmmer drun ze erënneren, wat wierklech wichteg ass: Datt Kanner sech kënnen entfalen. A genee dofir reest hie mat enger Power-Point-Presentatioun am Rucksak duerch d'Land an erkläert jiddwerengem, deen et wëllt héieren, wourunner Kanner am Lëtzebuerger Schoulsystem scheiteren.

Tun Fischbach Ech hunn esou eng Outreach-Lëscht, déi awer iwwer 400 där Presentatiounen ausmécht. Awer do ass och net alles drop. Also: Relativ oft, ech kann et selwer net méi héieren. Mee ech hunn d'Gefill, wann een et selwer net méi kann héieren, da fänken déi éischt un ze héieren an ze verstoen.

Pia Oppel Wat ass Ären Haaptmessage, deen Dir versicht eriwwerzebréngen?

Tun Fischbach Datt et net esou ka weidergoen. Datt mir ee manifeste Problem hunn an eisem Bildungssystem, an dat ganz, ganz fréi. Datt mer ee System hunn, dee sous-performant ass. An ech mengen, wann ech am Ausland sinn, an ech switchen dann do lëschteg vun enger Sprooch an déi aner, da seet jiddwereen: Wow, Lëtzebuerg, wat ee super Schoulsystem, Multilinguissem, super. Wat awer net gesi gëtt, dat ass, wa quasi een Drëttel vun de Kanner vun all Gebuertskohort doduerch quasi ëm hir Grondbildung bruecht gëtt, well si deem net gerecht ginn. Net well si, ech soe mol, ze blöd dofir sinn, mee einfach, well déi Aart a Weis, wéi dat praktizéiert gëtt, a wéi séier déi Sproochen do kommen, a wéi se kommen, komplett inkomptabibel ass mat hirem 'bagage languagier', deen vun doheem kënnt.

Pia Oppel Als Wëssenschaftler kéint Dir dat och einfach just ganz kal observéieren. Mee Dir ëmfannt d'Situatioun als Ongerechtegkeet?

Tun Fischbach Hm, ech hu mech ni ... Ech weess net genee, wat ech Iech soll dorobber äntwerten, wéi Dir mierkt. Ech sinn einfach iwwerzeegt dovunner, datt ee faire Schoulsystem d'Réckgrad vun enger wierklech demokratescher Gesellschaft ass. An ech mengen, datt momentan effektiv d'Demokratie op ville Plazen um seidene Fuedem hänkt.

Pia Oppel An der Hollerecher Grondschoul. Den Tun Fischbach schwätzt virun engem Grupp vun Enseignanten an Elterevertrieder.

Tun Fischbach An et ass tatsächlech esou, erëm statistesch geschwat, ee Kand, dat een Allongement de cycle am Fondamental huet, huet eng Chance, déi ënner engem Prozent ass, duerno nach ee Lycée Classique ze integréieren. Dat heescht, mir hu wierklech ee Schoulsystem, wou wierklech systeemesch gesinn, mat siwen, aacht Joer fir déi allermeeschten d'Bier geschielt ass.

Pia Oppel An der Chambre de Commerce. Den Tun Fischbach adresséiert sech u Wirtschaftsvertrieder.

Tun Fischbach Le plus grand fléau c'est le statut socio-économique. Donc cela veut dire, si j'ai un élève lusophone qui vient du quartile supérieur point de vue socio-économique, il a de meilleurs probabilités de s'en sortir dans le système scolaire traditionel qu'un élève, un Luxembourgeois de souche, qui lui vient du quartile inférieur.

Pia Oppel An déi lescht Etapp vu mengem Tour mam Tun Fischbachh ass een Austausch mat der Enseignantsgewerkschaft SEW.

Joëlle Damé Et ass OK wann opgeholl gëtt.

Tun Fischbach Ech hu keng Geheimnisser [laacht]. Keng edukativ Geheimnisser.

Voilà, ech freeë mech immens iwwer d'Invitatioun. Wierklech, keng eidel Wierder. Fir de Rescht, ech hu kee Monopol op der Wourecht. Ech soen Iech meng Meenung an ech soen Iech firwat dat meng Meenung ass.

Pia Oppel D'Diskussioun kënnt ganz séier op d'Schwieregkeete mat der däitscher Alphabetisatioun. Dorobber, datt just een Drëttel vun de Schülerinnen a Schüler doheem als éischt Sprooch Lëtzebuergesch oder Däitsch schwätzt. An dorobber, datt bal d'Hallschent vun de Kanner nom zweete Schouljoer Schwieregkeeten hunn ze verstoen, wat si am Däitsche liesen.

Joëlle Damé Wat ech mech froen, dat ass ...

Pia Oppel Dat ass d'Joëlle Damé, d'Presidentin vum SEW a Grondschoulenseignante zu Lamadeleine. Nieft hir sinn nach sechs Gewerkschaftskolleege present.

Joëlle Damé Jiddweree schwätzt vun där Sproochesituatioun an de Lëtzebuerger Schoulen. Ech froe mech, ob dat déi richteg Fro ass. Ob mir eis net fir d'éischt misste froen: Musse mir de Sproochenunterrecht net als éischt Mol iwwerhaapt esou gestalten, datt e sënnvoll ass.

Tun Fischbach Absolut.

Joëlle Damé Et huet jo kee Wäert. Ech soen ëmmer dat selwecht. [laacht]

Tun Fischbach Ech och. Säit 15 Joer. [laacht]

Joëlle Damé Et huet jo kee Wäert just d'Sprooch ze änneren, wa mir net d'Ausganksconditioun.

Anne-Marie Eichenseher D'Basis.

Joëlle Damé D'Aart a Weis änneren. Dann hëlleft et näischt, wa mir just d'Sprooch änneren.

Pia Oppel De Fuerscher an d'Enseignanten diskutéieren iwwer d'Méiglechkeet schonn an der Spillschoul mam Däitschen unzefänken. An iwwer d'Virdeeler, déi et kéint hu fir awer op Franséisch ze alphabetiséieren. Wat déi bescht Léisung wier, bleift oppen. Mee jiddwereen ass averstanen, datt eppes muss änneren. No iwwer zwou Stonne geet d'Entrevue esou lues op en Enn.

Joëlle Damé Villmools Merci.

Tun Fischbach Et ass ganz gär geschitt. Ech weess elo net, ob et dat war, wat s Du wollts.

Joëlle Damé Jo dach, oder? Wat ass de Feedback hei vun de Leit, déi nach bliwwe sinn?

Sonia Mousel Also et war ganz interessant. Ech weess net, wat mir wollten [laacht].

Tun Fischbach Mee wat kloer ass, datt mir net esou kënne weidermaache wéi bis elo.

Anne-Marie Eichenseher Voilà.

Joëlle Damé Jo.

Sonia Mousel Jo.

Anne-Marie Eichenseher Ech denken, datt do ganz vill Parallele ware mat deem, wat och d'Leit um Terrain spieren. Ech mengen, do si mir scho beieneen. Et ass just ee komplexe Problem, wou ee scho spiert an eng Iddi huet. An elo och nach deelweis wierklech beluecht huet, wou et hierkënnt. Mee wéi kritt een dat elo an de Grëff?

Tun Fischbach Ech si mir ganz sécher, datt d'Enseignanten ee Schlësseldeel vun der Léisung sinn. Net deen eenzegen, mee et ass dee wichtegsten Acteur an der Schoul.

Joëlle Damé Ouni si geet et net.

Tun Fischbach Neen, dat ass kloer.

[Am Auto]

Pia Oppel Dir sitt onermiddlech an optimistesch [laacht].

Tun Fischbach Dat mengen ech net. Ech hu mech eigentlech ni als Optimist gesinn.

Pia Oppel Wat sitt Dir dann?

Tun Fischbach Och kee Pessimist, ech géing soen ee Realist. Iergendwéi hunn ech d'Gefill, datt den Ament nogelauschtert gëtt, méi wéi jee virdrun. Zumindest soulaang, wéi ech mech dofir interesséieren. An datt et duerch d'Reien - et gëtt der och ëmmer déi net averstane sinn, natierlech - awer esou eppes wéi e Konsens gëtt, datt et net ka weidergoen. Oder ech mengen, datt mir soss nees an iergendee Fatalismus verfalen, wéi et och schonn Enn de 70er Ufank den 80er Joren de Fall war. Wou een dat dann alles weess, zur Kenntnis geholl huet, mee dann iergendwéi seet, mir kënne jo näischt maachen. Oder mir wëlle jo näischt maachen. Voilà.

Pia Oppel Oder et seet een, et wéilt een eppes maachen, mee et mécht een näischt.

Tun Fischbach Jo, dat sinn eben déi Lippebekenntnisser.

Pia Oppel Ass d'Zäit vun de Lippebekenntnisser eriwwer? Et kéint ee mengen. Well et ännere jo effektiv den Ament eng Rei Saachen. Et ginn elo ëffentlech international Schoulen zu Lëtzebuerg. An eng Schoul, wou op Franséisch alphabetiséiert gëtt. Mee gëtt eise Schoulsystem doduerch wierklech besser a méi gerecht? Op all dës Froe wëllen de Pierre an ech an den nächsten Episoden Äntwerte fannen.

Mee als éischt gi mir emol ee Schrëtt zeréck: Dem Tun Fischbach säi Verweis op d'70er Joren huet mech stutzeg gemaach. War wierklech scho viru 50 Joer grad esou kloer wéi hei, datt eise Schoulsystem ongerecht a reformbedürfteg ass? A wann dat esou war: Wien oder wat huet da verhënnert, datt eppes ännert? An der nächster Episod ginn de Pierre an ech an d'Archive wullen. A mir maachen eis op d'Sich no Zäitzeien.

Schlechte Schüler, ee Podcast vum radio 100,7. Recherche a Redaktioun: Pia Oppel a Pierre Reyland. Mat der Ënnerstëtzung vum Tessy Troes, Jean-Claude Franck, Rick Mertens, Chris Zeien a Semir Demic. Toun a musikalesch Arrangementer: Chris Simon. Coordinatioun: Yves Stephany.

Eis Titel-Musek, de "Gassenhauer" aus dem Orff-Schulwerk ass ënner der Leedung vum Laurent Warnier vu Schülerinnen a Schüler am Stater Conservatoire opgeholl ginn. Merci dem Joé Alff, Constantin Barbu Ravoux, Michael Calnan, Felix Dunkel, Laurie Krier, Ina Molakava, Lola Schleicher, Julian Seredynski, Youqian Lulu Pang, Louis Thill an Eloïse Twimumu.


* Numm vun der Redaktioun geännert.