Radioen

On air

Notturno  |  Joan Shelley - Amberlit Morning Feat. Bill Callahan

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Schaarf Kritik um Greta Thunberg wéinst pro-palestinenseschen Aussoen

Klima-Demo an Holland

Schaarf Kritik um Greta Thunberg wéinst pro-palestinenseschen Aussoen

Nodeems sech d’Greta Thunberg gëschter um Bord vun enger Klimademo zu Amsterdam op en Neits solidaresch mat Palestina gewisen huet, gëtt d’Klima-Aktivistin elo schaarf kritiséiert. 

auto_stories

1 min

Eng 70.000 Demonstranten hate sech gëschter an der hollännescher Haaptstad versammelt fir déi politesch Responsabel 10 Deeg virun de Walen op hir Aufgaben an der Klimakriis opmierksam ze maachen. Et war déi bis ewell gréisste Klima-Demo an Holland.

D‘Greta Thunberg kritt vun de Participante reprochéiert wärend der Klima-Demo pro-palestinensesch Aussoe gemaach ze hunn. Ee Participant hat probéiert hir de Mikro ewech ze huelen. Déi israeelesch Ambassad an Däitschland seet an enger Reaktioun, et wier een traureg, datt d’Greta Thunberg d’Klimaszeen fir perséinlech Zwecker  genotzt hätt.

D’Presidentin vun der däitscher Sektioun vun der internationaler Klimabeweegung Fridays for future, Luisa Neubauer, seet hirersäits si wier enttäuscht, datt d’Greta Thunberg näischt Konkretes iwwer déi jiddesch Affer vum 7.Oktober ze soen hätt.