Dëst ass een ambitiéist Zil. Ob d‘Kinnekräich dat anhale kann ass awer onkloer, ënner anerem wéinst de méi nidderege Pëtrolspräisser.
Den Donald Trump huet d‘Investitiounen nawell begréisst: Doduerch géife senger Meenung no an den USA vill Aarbechtsplaze geschaf ginn. Hie soll haut um Méindegnomëtteg eng Ried op der Investore-Konferenz halen.
De Fokus vu senger Visitt a Saudi-Arabien dierft sech virun allem ëm Geschäfter an Investissementer dréinen. Dat trotz dem Krich an der Gazasträif an den anere Konflikter an der Regioun.