"Et fält natierlech méi schwéier, lo no vir ze kucken, wei wa mir e gutt Resultat gemaach hätten, mee egal wéi et elo definitiv herno wäert ausgesinn, mir wäerte weider astoen fir eng Politik hei am Land, déi de Mënsch an de Mëttelpunkt stellt, an déi dobäi eis Biodiversitéit an eist Klima net vergësst, eng Politik, déi fir Gerechtegkeet suergt an eng Politik, déi och eise Kanner, an ech hunn der vill haut hei gesinn, eng gutt Welt soll hannerloossen."
Déi gréng Spëtzekandidatin huet ugeholl, datt hir Partei wäert an der Oppositioun sinn. Do géif si der nächster Regierung ganz genee op d'Fangere kucken, ob se sech un hir Walversprieche géif halen.