D’Firma, déi ënnert anerem den Textrobotter ChatGPT entworf huet, hat vergaangene Freideg iwwerraschend ugekënnegt, datt si de Sam Altman aus dem Conseil géifen entloossen. Dësen hat just zwee Deeg drop decidéiert, bei Microsoft ze goen.
Bal all vun den iwwer 700 Mataarbechter vun OpenAI haten aus Protest gedreet d’Firma ze verloossen. Dëst hätt wuel d’Enn vun OpenAI bedeit.