Radioen

On air

Notturno  |  Maz Univerze - Wake Up

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Saarland gouf méi schwéier vum Héichwaasser getraff - Bundeskanzler huet sech e Bild op der Plaz gemaach

Gefor vu Joerhonnert

D'Saarland gouf méi schwéier vum Héichwaasser getraff - Bundeskanzler huet sech e Bild op der Plaz gemaach

An Däitschland a besonnesch bei eisen Noperen am Saarland goufen et 3.000 Asätz an eng ganz Rei un Uertschaften ewéi Saarburg oder Saarbrécken hu mat de Waassermasse misste kämpfen. Och wa keng Persounen zu Schued koumen, goufen an de Regiounen ëm Saarburg awer Dierfer komplett iwwerschwemmt, well d’Nieweflëss vun der Saar vill Waasser gefouert hunn.

auto_stories

2 min

D'Saarstadautobunn steet ënner Waasser (Foto: picture alliance/dpa | Laszlo Pinter)

Bal all d‘Stied a Gemenge si betraff. Den Zuchverkéier a Rheinland-Pfalz an am Saarland wäert an der Suite vun den Onwiederen iwwerdeems och haut nach staark perturbéiert sinn. Vun net dréngend néidegen Trajete gouf ofgeroden.

Dämm hunn dem Waasserdrock deelweis noginn

Am Landkreis Neunkirchen ass een Damm zu Ottweiler an de Koup gefall an d’Alstad ass komplett iwwerschwemmt ginn.

Och mobil Dammsystemer, grad ewéi Sandsäckmaueren hätten ënnert dem Drock vum Waasser noginn.

Bundeskanzler Scholz ass an der Regioun

Et wier een awer vun der Situatioun iwwerrascht ginn, soen déi saarlännesch Rettungsdéngschter. Fir sech ee Bild vun der Situatioun kënnen ze maachen ass och de Kanzler Olaf Scholz zënter hallwer 12 am Saarland. Eigentlech sollt hien do un enger Konferenz ëm Europawalen Deel huelen. Hie gëtt vun der saarlännescher SPD-Ministerpresidentin Anke Rehlinger begleet.

Lauschterenplay_arrow

Vill Wunnege betraff

Zu Saarbrécken an am Landkreess Neunkirchen gouf de Gas an de Stroum zum Deel gespaart an d'Stadautobunn gouf deelweis iwwerschwemmt.

Fir den Ament gëtt awer grad ewéi zu Lëtzebuerg vun enger Entspanung geschwat, wat d’Wieder ugeet. Allerdéngs si ganz vill Bierger am Saarland betraff, well hir Wunnengen nach mussen ausgepompelt ginn. Aus villen Dierfer a Quartieren laanscht d’Saar hunn d'Awunner missten evakuéiert ginn. Bei Saarburg stoung och een Altersheim an enger Geforenzon.

Lëtzebuerg huet Kontakt mat den däitschen Autoritéiten opgeholl an hinnen Hëllef ugebueden, sou de Lëtzebuerger Inneministère op Facebook.