Radioen

On air

9 bis 1  |  Lucy Dacus - Ankles

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ STATEC: 2023 hält mat enger Rezessioun op

Wirtschaft

STATEC: 2023 hält mat enger Rezessioun op

​​​​​​​Lëtzebuerg ass 2023 an der Rezessioun. Dat huet de STATEC haut confirméiert. D’Wirtschaftsleeschtung wäert dëst Joer ëm ee Prozent zréck goen. De Verloscht un Dynamik géif sech zum Deel duerch déi schlecht Resultater am Finanzsecteur erklären. Och am Bausecteur ginn d’Aktivitéiten an de Personalbestand zréck.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© pressefoto_korb | Micha Korb play_arrow
(Foto: pressefoto_korb | Micha Korb)

2024 soll d’Wirtschaft erëm schwaach wuessen, esou déi neiste Previsioun vum Statistikinstitut. De Statec rechent also mat enger kuerzer Rezessioun, erkläert den Direkter Serge Allegrezza.

"Et bleift awer, datt wann een d’Joer kuckt, 2022, wou mer eng kleng Croissance vun 1,4 Prozent haten, dëst Joer mat enger Rezessioun an d’nächst Joer mat enger klenger Croissance vun 2 Prozent, dofir schreiwe mer an eisem Communiqué, datt déi Period do ee ka consideréieren als eng Contre-performance économique."

En Ofkille vun der Konjunktur

Wat d’Staatsfinanzen ugeet, sinn d’Recetten an deene leschten dräi Joren awer relativ staark an d’Luucht gaangen. Ënner anerem duerch méi héich Salairen, erkläert den Tom Haas vum Statec.

"Dat huet eigentlech dofir gesuergt, datt vill Steierrecetten dobäi komm sinn. An elo si mer wierklech an engem Ofkille vun der Konjunktur. An dat huet eben dann och den Impakt, datt dat Ganzt ofgebremst gëtt, wat d’Steierrecetten ugeet."

Duerch d’Krisemesurë sinn d’Depensë vum Staat staark geklommen. Déi ugekënnegt Mesuren aus dem Regierungsprogramm sinn an der neister Previsioun vum STATEC nach net berücksichtegt.

Nächst Indextranche warscheinlech am drëtten Trimester 2024

D’Inflatioun soll iwwerdeems weider zréck goen, a soll 2024 bei 2,6 Prozent leien. Déi nächst Indextranche soll am drëtten Trimester d’nächst Joer erfalen, seet de STATEC onverännert viraus.

D’Marchéë géifen dovun ausgoen, datt d’Zënstauxen an der Eurozon relativ fréi am Joer 2024 erof gesat ginn. De Statec hält a Saachen Tauxe fest, datt et eng Baisse vun engem Prozentpunkt wäert ginn. Dat awer réischt am zweeten Trimester

De Chômagetaux soll dem STATEC no 2024 op 5,9 Prozent vun der aktiver Populatioun klammen, no 5,2 Prozent fir dëst Joer.

Lauschterenplay_arrow