Zwee Méint no der Kritik vun der Arméisgewerkschaft un der DP-Verteidegungsministesch Yuriko Backes hu béid Säite bis Ufank Oktober zwee Rendez-vousen, fir sech nees méi no ze kommen.
Sozialdialoge wier "net ganz zefriddestellend"
De SPAL hat am Juli kritiséiert, datt d’Ministesch net un enger Reunioun iwwer d’Aarbechts- a Rouzäite bei der Arméi wollt deelhuelen. Donieft hat d’Gewerkschaft erkläert, weider op Informatiounen ze waarden, déi ee schonn am Februar ugefrot hätt.
Op enger Pressekonferenz haut huet de SPAL wéinst “Onzefriddenheet an der Arméi” eng onofhängeg, neutral an transparent Satisfaktioun-Etüd gefrot.
Dat war awer net déi eenzeg Fuerderung vun der Arméisgewerkschaft. A Saache Sozialdialog wier Verbesserungspotential do, huet de SPAL-President Christian Schleck betount.
"Mir wëssen, datt den Dialog méiglech ass. Aus der Vergaangenheet hu mer e besser kannt. Mir haten ee besseren a méi een direkten Austausch mat Virgängerministeren.”
Net zefriddestellend wier och, datt een iwwer Gesetztexter zum Deel eréischt géif informéiert ginn, wa se schonn um Instanzewee sinn. Donieft sollten d’Delaie beim Beäntwere vun eegene Froe méi kuerz ginn.
Attraktivitéit vun der Arméi net eleng iwwer d’Pai ze definéieren
A puncto Attraktivitéit vum Zaldoteberuff wënscht sech d’Gewerkschaft ënner anerem eng Crèche, méi Déngschtwunnéngen an eng Hausse vun den Effektiver. De Moment läit een do bei ronn 1.200 Leit, Zaldoten an zivilt Personal, mee 2.000 wieren net vu Muttwëll.
Eng weider Demande ass e méi moderne Statut vum Zaldot, esou de Christian Schleck.
“E gudde Statut bedeit Stabilitéit, Perspektiven a Planungssécherheet. Hei brauch et virun allem politesche Courage.”
Kloerheet iwwer de binationale Batallioun schafen
Wat de binationale Batailloun mat der Belsch betrëfft, gëtt et dem President vum SPAL no den Ament vill Froen a wéineg Äntwerten.
“Et goufe grouss Quantitéiten u Gefierer a Munitioun bestallt oder scho geliwwert. Déi entscheedend Fro bleift awer: Hu mir och d'Leit, fir dës Moyenen ze bedreiwen an de Batailloun ze besetzen?”
De Christian Schleck hofft donieft, datt de Wiessel un der Spëtzt vun der Arméi genotzt gëtt, fir nees un engem Strang ze zéien.
D’Gewerkschaftsaarbecht wier ënner dem Generol Steve Thull schwiereg gewiescht, esoudatt et d’Hoffnung gëtt, datt et mat der neier Ekipp ronderëm de Generol Claude Robinet besser gëtt.