Den SEW/OGBL warnt dann och viru schoulesche Parallelsystemer. Aktuell géifen zu Lëtzebuerg sechs Schoulsystemer niefteneen existéieren. Eng Zersplitterung vun der Schoullandschaft wier awer geféierlech a géif virun allem de besser gestallte Famillen entgéintkommen.
Fir sozial Kohesioun an Integratioun wier eng gemeinsam ëffentlech Schoul de beschte Wee, sou nach d‘Gewerkschaft. Donieft missten sech och déi nei Europaschoulen un d‘Gesetzer halen amplaz ze probéieren se ze ënnerlafen. Dat géif besonnesch och fir d‘Qualifikatioun an d‘Astufung vum Léierpersonal gëllen.